Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Signaler op der Eisebunn si visuell Zeechen déi zu de Sécherheetsanlage vun der Eisebunn gehéieren. Et ass en Informatiounssystem fir den Zuchchauffer, fir him mat Hëllef vu Form- oder Liichtsignaler vu verschiddene Faarwen oder Kombinatiounen déi laanscht d'Gleis stinn oder op sengem Informatiounsschierm an der Lokomotiv ugewise ginn, all déi Informatiounen ze ginn, déi hie brauch fir seng Vitess unzepassen oder eng net virgesinnen Halt ze maachen. Do kommen eventuell Informatioune fir eng Richtung unzeweisen an déi de Convoi soll fueren derbäi, oder iwwer d'elektresch Traktioun asw. D'Eisebunnssignalisatioun ass deemno e Basiselement vun der Sécherheet am Eisebunnsverkéier a se gëtt normalerweis a Verbindung mat engem Zuchsécherungssystem ofgeséchert. Liichtsignaler kënne mat Hëllef vu Relais- an elektronesche Stellwierker gesteiert ginn.

Lëtzebuergescht Haaptsignal an der Stellung SFP1 (Zuchhalt).

Geschicht änneren

Déi éischt Signaler, si wéi d'Zich net méi op Siicht konnte fueren, well d'Vitessen ze grouss waren an d'Bremsweeër ze laang goufen net méi duergaangen a sou goufen du fix Signaler laanscht d'Gleiser opgestallt fir dem Lokomotivführer op déi Aart a Weis am Viraus Informatiounen iwwer d'Streck ze ginn. Dat waren am Ufank bis ongeféier an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert ganz einfach codéiert Signaler a Form vun enger Bull, engem Zylinder oder engem Konus déi mat Hëllef vun engem Seel an enger Pulli laanscht e Potto eropgezunn goufen a sou scho vu wäitem ze gesi waren. No an no goufen déi éischt Signaler mat flaache Signaler ersat déi de selwechten Ëmrëss haten (Krees, Véiereck, Dräieck), an déi uewen op engem Potto op enger vertikaler Achs festgemaach waren a mat där se konnten ëm 90 Grad gedréint ginn, an dann net méi ze gesi waren, fir sou d'Signal opzemaachen. Fir datt se am Nuetsbetrib siichtbar waren, goufe se mat Lanteren ekipéiert, déi hanner dem Panneau stoungen a wann d'Signal op war, wäiss geliicht hunn. An de meeschte Länner gouf dat rout Liicht wat gutt vu wäitem z'erkennen ass, als Haltsignal gebraucht a vun ongeféier 1885 un gouf a Frankräich e gréngt Liicht gebraucht fir e Ralentissement virzeschreiwen. Aner Länner wéi Lëtzebuerg gebrauchen dofir e gielt an e gréngt fir d'fräi Faart (gëllt net fir Rangéiersignaler wou blo a wäiss gebraucht gëtt). A Länner wou riets gefuer gëtt stinn d'Signaler riets vum Gleis a Faartrichtung an do wou lénks gefuer gëtt lénks, mat Ausnam vun de banaliséierte Strecken. Bei villen neie Signalisatiounen op banaliséierte Strecke gëtt dat net méi sou praktizéiert a si stinn do fir déi zwee Gleiser op der selwechter Säit a Faartrichtung.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren