Departement Isère

franséischt Departement
Isère (38)
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Prefecture Grenobel
Ënnerprefecture La Tour-du-Pin
Vienne
Bevëlkerung 1 172 000 Aw.(2005)
Fläch 7 431 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 58
Gemengen 533

D'Departement Isère ass dat franséischt Departement mat der Uerdnungsnummer 38. Et läit an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes am Südoste vu Frankräich an huet den Numm vum Floss Isère.

D'Awunner vum Departement ginn „Isérois“ genannt.

Geographie

änneren

Den Departement Isère grenzt un d'Departementer Rhône, Ain, Savoie, Hautes-Alpes, Drôme, Ardèche a Loire.

Geschicht

änneren

Den Departement Isère gouf de 4. Mäerz 1790 gegrënnt, opgrond vum Gesetz vum 22. Dezember 1789. Et ass en Deel vun der fréierer franséischer Provënz Dauphiné. De Grenzverlaf mam Departement Rhône gouf e puermol geännert (1852, 1967 an 1971) wouduerch d'Isère 421 km² a 466 000 Awunner verluer huet.

Politik

änneren

De „Conseil général“ vun der Isère gëtt momentan presidéiert vum André Vallini (PS).
Den Departement ass an 13 Deeler opgedeelt mat enger „Maison du conseil général“ an all Deel, wou den Awunner d'Servicer vum Conseil Général ugebuede ginn:

Verwaltungsënnerdeelung

änneren
Arrondissement Awunner (1999) Fläch (km²) Bevëlkerungsdicht Kantonen Gemengen
Grenobel 696.326 4715 148 39 297
La Tour-du-Pin 212.987 1479 144 11 137
Vienne 184.693 1237 149 8 99

Ekonomie

änneren

Tourismus

änneren

An der Isère sinn e sëllege Wantersportstatiounen, wéi Alpe d'Huez, Chamrousse, les Deux Alpes, Villard-de-Lans, Les 7 laux, Autrans asw.

D'Vollekszielung vum 8. Mäerz 1999 verréit datt 10,2 % vun de Wunnenge vum Departement als „résidence secondaire“ benotzt ginn an deemno nëmme geleeëntlech bewunnt sinn.

Wichtegst Stied

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Isère – Biller, Videoen oder Audiodateien