Departement Rhône

franséischt Departement
Rhône (69D)
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Prefecture Lyon (provisoresch)
Ënnerprefecture Villefranche-sur-Saône
Bevëlkerung 471 026 Aw.(2012)
Fläch 2 715 km²
Arrondissementer 1
Kantonen 13
Gemengen 228

De Rhône (69D) ass e franséischt Departement an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. Et krut säin Numm vum Floss Rhône.

Geschicht änneren

D'Departement ass den 19. November 1793 entstanen, wéi dat fréiert Departement Rhône-et-Loire a Rhône a Loire opgespléckt gouf.

De Rhône ass duerno nach e puermol gewuess duerch Aglidderung vu Gemengen aus aneren Departementer. Substantiell méi kleng ginn ass et dunn den 1. Januar 2015, wéi déi 59 Gemenge vun der Communauté urbaine de Lyon ausgegliddert goufe fir d'Métropol Lyon ze forméieren. Fir onnéideg Käschten ze vermeiden ass de Sëtz vun der Prefecture momentan ëmmer nach zu Lyon.

Geographie änneren

Vun de Landstreecher am Osten a Süde vun der Metropol Lyon ofgesinn ass de Rhône am Allgemengen en Departement mat mëttelgrousse Bierger.

De Floss Saône leeft vun Norden no Süden duerch d'Departement, a leeft duerno um Gebitt vun der Metropol Lyon an de Rhône, deen da selwer nees an d'Departement erakënnt a gläichfalls 5 km a südlecher Richtung derduerchleeft.

D'Ofsplécke vun der Metropol Lyon huet dem Departement ronn 16% vu sengem Territoire awer iwwer 75% vu sengen Awunner geholl. Déi Gréisst Stad ass elo Villefranche-sur-Saône mat 36.241 Awunner (Stand 2012).

Ekonomie änneren

Den Néiergank vun der Textilindustrie huet d'Departement getraff, et hänkt aktuell vill vun der Chimies- an Automobilsindustrie vu Lyon of, grad wéi vum Secteur vun de Servicer vun där Groussstad.

Donieft spillt nach de Wäibau eng wichteg Roll, wou virun allem de Landstreech vum Beaujolais am Norde vum Departement ervirstécht.

Soss léisst sech nach d'Bëschwirtschaft ernimmen. Richteg Landwirtschaft ass schwéier wéinst dem Biergrelief vum Departement.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Departement Rhône – Biller, Videoen oder Audiodateien