Vizille ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Isère, an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Vizille
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Isère
Arrondissement Grenobel
Kanton Oisans-Romanche
Postcode 38220
Gemengecode 38562
Koordinaten 45° 02’ 40’’ N
      05° 27’ 43’’ W
Fläch  10,51 ha
Bevëlkerung  7 465 (1999)

Geographie änneren

Vizille huet eng Fläch vun 10,51 km² an hat 1999 26.761 Awunner.

Geschicht änneren

Vizille war eng befestegt Uertschaft, déi Oppidum Antiquum housch. No der réimescher Eruewerung gouf eng Strooss derduerch gebaut, déi vu Suze op Grenobel goung. Mä d'Allobrogen, déi do gewunnt hunn, hunn de Réimer de Passage méi wéi eemol streideg gemaach.

Geschwënn awer gouf d'Oppidum zur Castra Vigiliae, engem Militärposten um Kiem. Am 10. Joerhonnert huet se zum Deel der Abtei vu Cluny gehéiert. Vizille gouf an de Reliounskricher vun de Protestanten besat, fir dann nees un d'Katholicken zeréckzegoen.

Bekannt ass Vizille virun allem doduerch, datt do den 21. Juli 1788 déi dräi Stänn zesummekoumen. Déi als Assemblée de Vizille bekannt Versammlung, déi vu biergerlechen Notabelen aus der Géigend vu Grenobel zesummegeruff gi war, bestoung aus 50 Vertrieder vum Klerus, 165 Adelegen an 276 Vertrieder vum Drëtte Stand. Si hu gefuerdert, datt d'Generalstänn aberuff sollte ginn, an datt do jiddwereen eng Stëmm hätt (an net just all Stand).

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséisch Revolutioun.

 
D'Schlass vu Vizille, (Musée fir déi Franséisch Revolutioun)

Kuckeswäertes änneren

  • Musée de la Révolution française

Bekannt Leit änneren

Jumelagen änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Vizille – Biller, Videoen oder Audiodateien