D'Dijle (op Franséisch Dyle) ass e Floss an der Belsch an de Provënze Wallounesche Brabant, Flämesche Brabant an Antwerpen.

D'Dijle bei Sint Joris Weert
D'Quell bei Houtain-le-Val

Si huet hir Quell bei Houtain-le-Val an der Gemeng Genappe op enger Héicht vun 145 Meter. Vun der Quell aus leeft se a Richtung Norden, bis op Genappe, wou se dann no Nordosten dréint. Dës Richtung behält se bei bis op Court-Saint-Étienne. Hei kritt se hiren éischte nennenswäerten Niewefloss, d'Thyle, vu riets. Duerno leeft se erëm no Norde laanscht Ottignies a Wavre bis op Archennes, wou vu riets den Train draleeft.

Vun hei aus mécht se op enger Streck vu ronn dräi Kilometer Grenz tëscht dem wallouneschen an dem flämesche Brabant éiert se definitiv a Flandern weiderleeft.

Am flachen Dall bis op Louvain geet et mat vill Gekréngels weider, bis an d'Stad eran wou se eng Partie vum Waasser ofgezaapt kritt fir de Kanal Louvain-Dijle ze fëllen.

Vu Louvain leeft se weider no Norden, bis op Werchter wou vu riets den Demer draleeft. Tëscht Wechter a Mechelen leeft nach vu riets de Raambeek a vu lénks de Weesbeek dran.

Kuerz nodeem se queesch duerch Mechelen gelaf ass, kënnt op der Plaz wou se och Uschloss un hire Säitekanal huet, vu lénks d'Zenne dragelaf. Vun hei aus ass se och schëffbar.

No 1.200 Meter bei Rumst leeft se da mat der Nete zesummen. Déi zwéi Flëss verléieren nom Zesummelaf hiren Numm fir ënner dem Numm Rupel weider an den Escaut ze lafen.

Um Spaweck änneren

Commons: Dijle – Biller, Videoen oder Audiodateien