Deborah De Robertis

franko-lëtzebuergesch Kënschtlerin

D'Deborah De Robertis, gebuer den 12. Februar 1984 zu Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch-franséisch[2]Performance-Kënschtlerin.

Deborah De Robertis
Gebuer 12. Februar 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Frankräich
Educatioun Cité internationale des arts,
École de recherche graphique
Aktivitéit Bünekënschtler, Fotograf

Si ass um Lampertsbierg opgewuess, hier Elteren hunn déi franséisch (Mamm) an italieenesch (Papp) Nationalitéit.[3]

D'Deborah de Robertis huet op der École de recherche graphique zu Bréissel studéiert. An hire Performancë stellt si Traditiounen a Konventiounen a Fro, wéi d'Relatioun tëscht Mann a Fra, tëscht Kënschtler a Kurator resp. Galerist, asw.

Vu September bis November 2013 hat s'eng Artiste-Residenz an der Paräisser Cité internationale des arts, fir déi si vum Lëtzebuerger Kulturministère ausgewielt gi war[4].

Hir bekanntst Performance bis ewell ass déi, déi se Miroir de l'origine nennt. Als Referenz op oder als Reverenz fir dem Gustave Courbet säin Tableau L'origine du monde huet si sech viru Konschtwierker a Muséeën (wéi z. B. dem Mudam) ouni Béxelche fotograféiere gelooss[5]. 'Héichpunkt' vun där Serie war den 29. Mee 2014 am Musée d'Orsay, wou si sech mat de Been ausernee virun dem Courbet säi Bild gesat huet, an d'Reaktioune vun de puer Visiteuren, déi zoufälleg do waren, an dem Sécherheetspersonal, filme gelooss huet[6],[7],[8].

Bei enger anerer Performance den 31. August 2018, huet si zu Lourdes virun der Grott vu Massabielle poséiert an hat dobäi just e bloe Voile un, deen de Kapp an de Réck bedeckt hat[9]. Si gouf festgeholl a krut de Prozess wéinst exhibition sexuelle gemaacht. Am August 2020 gouf si zu enger Geldstrof verurteelt[10].[11]

De 6. Mee 2024 huet d'Performancerin am Centre Pompidou-Metz eng Broderie vun der Annette Messager mam Titel Je pense donc je suce, déi am Kader vun der Ausstellung « Lacan » do aushong, vun der Mauer geholl a matgeholl, dat wärenddeem zwéi Komplize 5 aner Konschtwierker mat dem Slogan *MeToo tagéiert hunn. Op Instagram huet d'Deborah de Robertis matgedeelt datt si d'Konschtwierk net géif zréckginn. Dës Aktioun huet si am Kader vun der Beweegung #MeToo duerchgefouert. D'Kënschtlerin gouf dowéinst den 29. Mee 2024 viru Geriicht wéinst « dégradations de bien culturels commis en réunion » a « vol d'un bien culturel en réunion » ugeklot.[2]

Literatur

änneren

Pepin, Sarah, 2024. Anklage. Die feministische Künstlerin Deborah de Robertis dreht seit einem Jahrzehnt den männlichen Blick um. Ein Portrait. d'Lëtzebuerger Land vum 21. Juni 2024, S. 17-18.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. (fr)(Clémentine Gallot) Deborah De Robertis: nue debout. next.liberation.fr (02.01.2017). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  2. 2,0 2,1 Azimi, R., 2024. L'affaire Deborah de Robertis divise le monde de l'art. L'artiste franco-luxembourgeoise a été mise en examen, le 29 mai, pour vol et dégradation après sa performance, le 6 mai, au Centre Pompidou-Metz, Le Monde vum 2. an 3. Juni 2024, S. 22-23.
  3. Pepin, S. d'Lëtzebuerger Land vum 21. Juni 2024.
  4. "Deborah De Robertis est sélectionnée pour la résidence d'artiste 2013 à la Cité internationale des arts de Paris." Ministère de la Culture, Grand-Duché de Luxembourg, mc.public.lu, Juli 2013.
  5. Benjamin Sutton "Artist Enacts Origin of the World at Musée d'Orsay — And, Yes, That Means What You Think." op Artnet.com, 05.06.2014.
  6. Katherine Brooks: Performance Artist Does Impromptu Reenactment Of 'The Origin Of The World.' Yes, THAT Painting. The Huffington Post Art & Culture, 6. Juni 2014]
  7. "Nue devant L'Origine du Monde: «On a pris ça au sérieux»." Le Figaro, 6. Juni 2014.
  8. "Une performance artistique qui pose question. «Miroir de l'Origine»: de l'art ou pas?", wort,lu, 4. Juni 2014.
  9. (lb)D'Kënschtlerin huet sech zu Lourdes plakeg presentéiert. www.rtl.lu (02.09.2018). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  10. (lb)De Robertis zu Geldstrof vun 2.000 € verurteelt, d'Hallschent dovun op Sursis. www.rtl.lu/ (06.08.2020). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  11. Pierre Sorlut (ps), 2020. Der Sündenfall in Lourdes. d'Lëtzebuerger Land vum 7. August 2020, Nr. 32, S. 15.