Den David Todd Wilkinson, gebuer den 13. Mee 1935 zu Hillsdale am Michigan, USA a gestuerwen de 5. September 2002 zu Princeton am New Jersey, war en US-amerikaneschen Astrophysiker a Kosmolog deen de kosmesche Mikrowellenhannergrond ënnersicht huet.

David Todd Wilkinson
Gebuer 13. Mee 1935
Gestuerwen 5. September 2002
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Michigan
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

Hien huet säi Studium mat engem Doktorat a Physik ënner der Opsiicht vum H. Richard Crane op der Universéit vu Michigan ofgeschloss. Vun 1963 u war hie wëssenschaftleche Mataarbechter a vun 1965 bis zu senger Pensioun am Joer 2002 Professer op der Princeton Universéit.

Hien huet zum Team vum Robert H. Dicke gehéiert, dat op de Viraussoe vum George Gamow a Mataarbechter no enger kosmescher Hannergrondstralung gesicht huet, déi dann awer fir d'éischt vum Arno Penzias a vum Robert Wilson zoufälleg entdeckt gouf. Spéider huet de Wilkinson wiesentlech Bäiträg zu en ettlechen Experimenter fir d'Ënnersich vum kosmesche Mikrowellenhannergrond geleescht, dorënner déi béid NASA-Projete Cosmic Background Explorer a Wilkinson Microwave Anisotropy Probe. De leschte Projet gouf nom Kriibsdoud vum Wilkinson no him zu sengen Éiere genannt.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren