De Samuel Dashiell Hammett, gebuer de 27. Mee 1894 am Verwaltungsbezirk St. Mary's County a Maryland (USA) a gestuerwen den 10. Januar 1961 am Lenox Hill Spidol zu New York City war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Dashiell Hammett
Gebuer 27. Mee 1894
Baltimore
Gestuerwen 10. Januar 1961
New York
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Journalist, Literaturkritiker, Prosaist
Partei Kommunistesch Partei vun den USA
Famill
Liewenspartner(in) Lillian Hellman

De Raymond Chandler iwwer den Dashiell Hammett:
Den Hammett huet de Mord zeréckbruecht bei déi Zort Leit, déi mat wierkleche Grënn ëmbréngen, an net nëmmen, fir dem Auteur eng Läich ze verschafen.

Säi Liewen änneren

 
Dem Hammett säi Grafsteen am Arlington National Cemetery.

Den Dashiell Hammett war dat zweet vun dräi Kanner vum Richard Hammett, engem Farmer a Lokalpolitiker, an der Annie Bond Dashiell, enger Infirmière, déi meeschtendeels doheem war, fir sech ëm hir Kanner ze këmmmeren. Ëm 1900 huet de Richard Hammett ee fir hien ongléckleche Wiessel vun der Demokratescher Partei bei d'Republikaner gemaach, deen dozou gefouert huet, datt d'Famill huet missen d'Farm verkafen an aus der Klengstad plënneren.

No engem kuerzen Openthalt zu Philadelphia hu se sech zu Baltimore néiergelooss, wou dem Samuel säi Papp eng Plaz als Reesender fonnt hat.

Mä schonn 1908 huet de Papp aus Gesondheetsgrënn missen ophale mat schaffen, an de 14 Joer ale Samuel huet misse mat der Schoul ophale fir seng Famill z'ënnerhalen. No e puer Jore mat schlechtbezuelten Aarbechtsplaze krut hien 1915 eng Plaz bei der Baltimore Agence vun der bekannter Detektei Pinkerton. Dat war an enger Zäit, an där et zu ville soziale Spannungen tëscht de grousse Firmen an de Gewerkschafte koum. Sou waren d'Leit vu Pinkerton haaptsächlech als Streikbriecher beschäftegt.

Zu Butte am Montana krut den Hammett Suen ugebuede fir de Frank Little, en IWWW-Gewerkschaftschef ëmzebréngen. Wéi de Little eng Zäitchen drop gelyncht gouf, hunn dem Hammett seng politesch Usiichte sech radikaliséiert an en huet bei Pinkerton opgehalen.

Am Éischte Weltkrich gouf den Hammett Sergeant an dem "Motor Ambulance Corps". Et war déi Zäit, an där d'Spuenesch Gripp sech weltwäit ausgebreet huet. Den Hammett huet eng Gripp opgeraf, déi als Longenentzündung behandelt gouf an domat ausgoung, datt hien tuberkuloskrank war. Sou war hie fir de Rescht vum Krich an engem Spidol an Amerika a fir de Rescht vu sengem Liewen huet e sech misse mat de Follgen erëmploen.

Nom Krich huet hien nees bei Pinkerton ugefaangen, huet ugefaange mat Drénken a mat Schreiwen.

Säi Schreiwen änneren

Am Pulp Magazine Black Mask, dat déi Zäit vum Joseph Shaw editéiert gouf, koum am Dezember 1922 dem Hammett seng éischt Geschicht, The Road Home, ënner dem Pseudonym "Peter Collinson" eraus. An der Oktober-Nummer 1923 vu Black Mask koum déi éischt Geschicht, Arson Plus, mam Continental Op eraus. Dat war e Personnage, deen an 28 Kuerzgeschichten an an zwéi Romaner vum Hammett opdaucht. 1932 ass e Comic vum Alex Raymond erauskomm, Secret Agent X-9, fir deen den Hammett den Text geschriwwen huet.
A sengem nächste Roman vun 1930 spillt den Detektiv Sam Spade d'Haaptroll. En desillusionéierten, rauen Eenzelgänger, deen dacks laanscht d'Gesetzer hantéiert geet am The Maltese Falcon op d'Sich no dem Malteesesche Fallek, enger klenger Statu, mat där eppes méi muss lass sinn. Bannent engem Joer kënnt et zu siwen Oploen.

D'Romaner änneren

Red Harvest (1929) änneren

Den Donald Willson, deen a senger Zeitung ugefaangen hat, d'Korruptioun an der Stad Personville, och Poisonville genannt, opzedecken, gëtt dout opfonnt. Säi Papp, dee mächtegste Mann aus der Géigend, engagéiert en Detektiv, deen erausfanne soll, wie säi Jong ëmbruecht huet. Den Ech-Erzieler ass den Detektiv, dee fir d'Continental Detective Agency schafft, an deem säin Numm ni genannt gëtt. E gëtt Continental Op genannt an am Laf vum Roman kritt de Lieser mat, datt e kleng, déck an ongeféier 40 Joer al ass.
No an no fënnt den Detektiv eraus, wien a wat hanner deem Ganze stécht. Mä bis zum Enn leeft nach vill Blutt an d'Gullien.

The Dain Curse (1929) änneren

The Malteses Falcon (1930) änneren

The Glass Key (1931) änneren

An enger US-amerikanescher Stad ass de Walkampf am Gaang an dem Senator Henry säi Jong, den Taylor Henry, läit op der Strooss an ass dout. Den Tayler war hanner dem "Big Boss" senger Sëschter hier gewiescht, fënnt den Detektiv, den Ned Beaumont eraus. De Paul Madwig, den ernimmte "Boss" gëtt de Muerd och zou, awer de Beaumont gleeft him näischt.

The Thin Man (1934) änneren

Filmer änneren

Dréibicher änneren

Literatur zum Theema änneren

Biographien änneren

  • Layman, Richard, Shadowman. The Life of Dashiell Hammett, 1981, Junction Books
  • Nolan, William F., Hammett. A Life at the Edge, 1983, Congdon & Weed
  • Johnson, Diane, The Life of Dashiell Hammett, 1984, Hogarth

Um Spaweck änneren

Commons: Dashiell Hammett – Biller, Videoen oder Audiodateien