Daphnië si kleng Crustacéë vun der Gattung Daphnia. Se liewen am Séisswaasser, dat stagnéiert. Si ginn 1 bis 4 Millimeter grouss. Well si sech ruckaarteg, mat klenge Spréng fortbeweegen, gi si dofir och gemenkerhand Waasserfléi genannt.

Daphnien
lénks mat Luucht vun hannen, riets mat Luucht vun uewen

lénks mat Luucht vun hannen, riets mat Luucht vun uewen
lénks mat Luucht vun hannen, riets mat Luucht vun uewen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Crustacea (Kriibsen)
Klass: Branchiopoda
Uerdnung: Onychura
Ënneruerdnung: Anomopoda
Famill: Daphniidae
Wëssenschaftlechen Numm
Daphnia
Müller, 1785

Well hire Kierper duerchsichteg ass, kann een hir bannenzeg Organer gesinn. Uewen um Kapp sinn Antennen, déi och beim Schwammen hëllefen. Déi zwee Ae si sou no beieneen, datt s'ausgesi wéi een eenzegt, an um Thorax si fënnef Mini-Patten.

Hire wëssenschaftlechen Numm geet op dat algriichescht Wuert δάφνη (daphne), wat "Lorber" heescht, an dat wéinst der Form vun engem Lorberblat, déi där vum Déier gläicht, op dëst iwwerdroe gouf.

D'Daphnië filteren d'Waasser, fir sech vu Plankton z'ernieren.

Si kënne sech reproduzéieren sief et, datt d'Weibercher ouni männlech Befruchtung Nowues op d'Welt setzen (Parthenogenes), sief et, datt et sou eng Befruchtung gëtt (bei méi schlechte Liewenskonditiounen). Déi sou entstanen Eeër si méi zolidd a kënne Frascht an Dréchent eng Zäitchen iwwerstoen.

Aarten änneren

Literatur änneren

  • (en) Anderson, B. et J. Jenkins. 1942. A Time study of Events in the Life Span of Daphnia magna. The Biol. Bull, 83 (1) : p. 260–272.
  • (en) Hebert, P. 1978. The Population Biology of Daphnia. Biol. Rev. 53 : p. 387–426

Um Spaweck änneren

Commons: Daphnia – Biller, Videoen oder Audiodateien