Den Dabih Major (och nach Giedi genannt) ass den Numm vum Stär β Capricorni (Beta Capricorni).

Dabih ass den arabeschen Numm fir "Schliechter". Et ass en Duebelstäresystem am Stärebild Capricornus a ka wéinst sengem grousse Wénkelofstand vun 205" ouni Problemer mat enger Spektiv opgeléist ginn. Den Haaptstär huet eng visuell Magnitude vun 3,1 mag. an ass en orangeroude Stär mat schwéier interpretéierbarem Spektrum, dat ongeféier der Spektralklass K entsprécht. Hien huet eng Uewerflächentemperatur vu 4900 Kelvin, déi 600-fach Sonneliichtkraaft an de 35-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. De 6,1 mag helle Begleeder, huet e Positiounswénkel vun 267 Grad zum Haptstär, an ass e B9-Ris mat 40-facher Sonneliichtkraaft. De Beta Capricorni ass 330 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Um Spaweck änneren