D'Tour Baudouin ass e 50 Meter héijen Tuerm am Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck um Vaalserberg, dem héchste Punkt vun Holland.

Tour Baudouin um Vaalserberg

Op den Tuerm kënnt een iwwer Trapen, oder mat engem Lift deen duerchsiichteg Wänn huet. Um Tuerm ass eng Plattform mat Restaurant, a fir déi, deenen et nach net héich genuch ass, gëtt nach eng Trap déi op den Daach vum Restaurant féiert.

Vum Tuerm huet een eng Aussiicht bis op Oochen, an déi hollännesch Provënz Limburg, an an déi belsch Provënze Léck a Limburg.

Direkt nieft dem Tuerm ass ee Labyrinth, a fir behënnert Leit si Parkplaze knapps 50 Meter dovun ewech.