Critérium international de cross cyclo-pédestre

Critérium international de cyclo-cross
Detailer
Etappen2
LännerFRA Frankräich
LUX Lëtzebuerg
Dokumentatioun

De Critérium international de cross cyclo-pédestre[1] (C.I.) war eng populär Kompetitioun am Cyclo-cross (Vëlosport), déi um héchste Niveau all Joer mat e puer Ënnerbriechunge vun 1924 bis 1949 (20 Editiounen) ausgedroe gouf, an als offiziéis Weltmeeschterschaft betruecht gouf.

An den 1920er Jore gouf a Frankräich festgestallt datt et wuel schonn a ville Länner Nationalchampionnater am Cyclo-Cross gouf, mee awer nach keng international Epreuve wou déi Bescht an där Disziplin sech miesse kéinten. An dësem Sënn gouf déi éischt Editioun vum “Critérium International de cross cyclo-pédestre” 1924 vun der Zeitung L'Auto[1] et der Union vélocipédique de France an d'Liewe geruff. De Start vun der Course war zu Suresnes, engem Paräisser Faubourg. Vun do aus goung et dann iwwer de Mont Valérien an e Bësch am Weste vu Paräis. Déi bekanntst Schwieregkeet vum C.I., déi besonnesch vill Spectateuren ugezunn huet, war den Trou du diable. Op där Plaz ass et fir d'éischt schëtzeg biergof gaangen an direkt hannendrun grad esou géi biergop. Dat war sou schwéier a geféierlech, datt d'Coureuren an den Ufanksjore mol net um Vëlo erof gefuer sinn. Am Géigesaz zu modernen Cyclo-Cross-Courssen, déi op engem zouenen Circuit gefuer ginn, war d'Arrivée vum C.I. no der Course iwwer eng Distanz vun deemools 20,2 km net op derselwechter Plaz wéi de Start.

Lëtzebuerg hat vun Ufank u Coureure beim C.I. um Start. Schonn am Joer 1926 war et dem Jean-Pierre Engel, deemools nationale Champion am Cyclo-Cross, gelongen zu Paräis als Zweeten op de Podium vum C.I. ze klammen.

D'Editioun 1935 ass aus Lëtzebuerger Siicht besonnesch ervirzehiewen: mat de Bridder Arsène a Josy Mersch, souwéi de Bridder Pir a Mett Clemens hat Lëtzebuerg dat Joer souwuel zwéi Coureuren um Podium (1. Josy Mersch, 3. Arsène Mersch), wéi och d'Lännerklassement no Punkte gewonnen.[2]

Et ass och bemierkenswäert, datt déi alleréischt Editioun vum C.I. nom Zweete Weltkrich am Joer 1947 an der Millebaach op engem Circuit am Bambësch organiséiert gouf.[3]

Déi zwou lescht Editioune vum C.I. (1948 an 1949) waren dunn erëm zu Paräis, déi Kéier op engem Circuit am Bois de Vincennes. Dës Epreuve ass schlussendlech am Joer 1950 vun der éischter offizieller Cyclo-Cross-Weltmeeschterschaft vun der U.C.I. ersat ginn, déi um selwechte Circuit wéi d'Editioun vun 1949 ausgedroe gouf.

Palmarès änneren

Joer Datum Plaz Gewënner Zweeten Drëtten Ekippeklassement
1924 17. Februar Suresnes FRA  Gaston Degy BEL  Henri Moerenhout BEL  Théophile Van Eetvelde   Belsch
1925 8. Februar Suresnes BEL  Henri Moerenhout BEL  Joseph Van Dam ITA  oder SUI [4] Charles Martinet   Belsch
1926 7. Februar Suresnes FRA  Francis Pélissier LUX  Jean-Pierre Engel FRA  Eugène Christophe   Frankräich
1927 Net organiséiert
1928 5. Februar Suresnes FRA  Camille Foucaux BEL  Georges Ronsse FRA  Paul Le Drogo   Frankräich
1929 3. Februar Suresnes FRA  Camille Foucaux FRA  Charles Pélissier FRA  Auguste Segaud FRA  France
1930 2. Februar Suresnes FRA  Hilaire Berthellin BEL  Georges Ronsse FRA  Camille Foucaux   Frankräich
1931 8. Februar Suresnes FRA  Henri Deconinck FRA  Camille Foucaux BEL  Georges Ronsse   Frankräich
1932 7. Februar Suresnes FRA  Aubert Winsingues FRA  Hilaire Bertellin FRA  Henri Deconinck   Frankräich
1933 5. Februar Suresnes BEL  Sylvère Maes SUI  Karl Bosshard SUI  Walter Blattmann CHE  Schwäiz
1934 4. Februar Suresnes BEL  Maurice Seynaeve BEL  Sylvère Maes BEL  Kamiel Vermassen   Belsch
1935 3. Februar Suresnes LUX  Josy Mersch FRA  Charles Vaast LUX  Arsène Mersch   Lëtzebuerg
1936 9. Februar Suresnes BEL  Maurice Seynaeve FRA  Robert Oubron FRA  Charles Vaast
1937 7. Februar Suresnes FRA  Robert Oubron BEL  Kamiel Vermassen ITA  Dante Franzil
1938 6. Februar Suresnes FRA  Robert Oubron SUI  Fritz Hartmann BEL  Jules Kneepkens
1939 5. Februar Suresnes FRA  Charles Vaast BEL  Jules Kneepkens BEL  Kamiel Vermassen   Belsch
1940 Net organiséiert
1941 2 Mäerz Suresnes FRA  Robert Oubron FRA  André Brulé FRA  Kléber Piot
1942 Suresnes FRA  Robert Oubron FRA  Kléber Piot FRA  Georges Pieuzat
1943-1946 Net organiséiert
1947 9. Februar Millebaach FRA  Jean Robic FRA  Roger Rondeaux ITA  Mario Covolo
1948 8. Februar Vincennes FRA  Roger Rondeaux FRA  Robert Oubron SUI  Max Breu   Frankräich
1949 3. Mäerz Vincennes FRA  Roger Rondeaux FRA  Jean Robic BEL  Frans Decoster   Frankräich

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Titelsäit vun der franséischer Zeitung L'Auto: "Le Premier Critérium international de Cross Cyclo-Pédestre de L'AUTO". L'Auto (17. Februar 1924). Gekuckt de(n) 6.8.2020.
  2. Mersch, C. (2017): Le Critérium International de cross cyclo-pédestre, Championnat du Monde avant l'heure op medium.com
  3. Luxemburger Wort v. 7. Februar 1947: "Luxemburg, Austragungsort des 'Critérium International de Cross Cyclo-Pédestre'" (7. Februar 1947) Archivéiert op 2017-07-24. Gekuckt de(n) 6.8.2020.
  4. Verschidde jee no Quell