Concours littéraire national 2010
De Concours littéraire national 2010, dee wéi gewinnt vum Kulturministère organiséiert gëtt, huet sech 2010 ëm de Roman gedréint. En huet sech un Auteure geriicht, déi Lëtzebuerger sinn, oder am Land wunnen. D'Manuskript huet nach net däerfe publizéiert gi sinn, a missen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwe sinn.[1]
Den 28. Oktober 2010 goufen d'Lauréate bekannt gemaach[2]
- 1. Präis: Elise Schmit fir hire Roman Brachland;
- 2. Präis Robert Schofield fir säi Roman The Fig Tree and the Mulberry
- 3. Präis: ex aequo fir dem Jhemp Hoscheit säi Klangfaarwen an der Carine Krecké hiert Syncope
- Eng Spezialmentioun goung un de Claude Schmit fir La tristesse du Hibou.
D'Gewënner goufen den 2. Dezember 2010 am Mierscher Nationale Literaturzenter vun der Staatssekretärin fir Kultur, Octavie Modert, ausgezeechent.
Jury
änneren- Romy Diederich
- Hermine Koster
- Guy Bentner
- Pierre Mergen
- Pascal Seil
Referenzen
änneren- ↑ "Concours littéraire national 2010" cnl.public.lu, 24.11.2009
- ↑ Concours littéraire national 2010. Communiqué op gouvernement.lu, 28-10-2010.