Colombey-les-Deux-Églises

franséisch Uertschaft a fréier Gemeng am Departement Haute-Marne

Colombey-les-Deux-Églises ass eng franséisch Uertschaft a fréier Gemeng am Departement Haute-Marne an der Regioun Grand Est.

Colombey-les-Deux-Églises
center}}}
D'Plaz bei der Kierch

D'Plaz bei der Kierch
D'Plaz bei der Kierch
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Haute-Marne
Arrondissement Chaumont
Kanton Châteauvillain
Gemeng Colombey les Deux Églises
Postcode 52330
Gemengecode 52140
Koordinaten 48° 13’ 27’’ N
      04° 53’ 12’’ O
Fläch  7 363 ha
Bevëlkerung  663 (1999)

Den 1. Januar 2017 gouf déi nei Gemeng Colombey les Deux Églises gegrënnt an där déi al Gemeng souwéi d'Gemengen Argentolles, Biernes, Blaise, Champcourt, Harricourt, Lamothe-en-Blaisy, Lavilleneuve-aux-Fresnes a Pratz, lo delegéiert Gemenge sinn.

Colombey-les-Deux-Églises ass bekannt well de Generol de Gaulle a seng Fra Yvonne do gewunnt hunn. Si, an aner Membere vun hirer Famill sinn och um Kierfecht vu Colombey begruewen. Hiert Haus, La Boisserie genannt, gëtt haut nach vun der Famill benotzt. De Rez-de-Chaussée ass allerdéngs fir de Publikum zougänglech (Entrée mam Telefonseck ënnert der Trap déi no uewe féiert, Iesszëmmer, Salon a Bibliothéik mat Bléck op de Büro vum Generol).

Colombey läit op der N 19 déi vu Chaumont op Troyes féiert.

Geographesches änneren

Colombey-les-Deux-Églises ass 226 Stroossekilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech.

Kuckeswäertes änneren

 
D'Kierch vu Colombey

Um Spaweck änneren

Commons: Colombey-les-Deux-Églises – Biller, Videoen oder Audiodateien