Claude Hemmer
lëtzebuergeschen Ekonomist
De Claude Antoine Hemmer, gebuer de 24. Januar 1951 zu Péiteng, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Staatsbeamten.
Claude Hemmer | |
---|---|
Gebuer |
24. Januar 1951 Péiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist, Fonctionnaire |
Hien huet eng Licence an de Sciences économiques et sociales, an ass Éischte Conseiller am Gesondheetsministère. Vum 25. November 1993 bis de 25. November 2011 war hie Member vum Lëtzebuerger Staatsrot an dat vum 21. November 2007 un an der Funktioun vum Vizepresident.[1]
Am Lëtzebuerger Journal schreift hie reegelméisseg Kolumnen an zanter 2009 um Blog L for Liberty.
Am Juni 2015 huet hien Déi Liberal gegrënnt.
Auszeechnungen
änneren- Ordre de la couronne de chêne Officier (Promotioun 1998)
- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2012)[2]