Christus den Erléiser-Kierch vu Pristina

D'Christus den Erléiser-Kierch ass eng serbesch-orthodox Kierch am Zentrum vu Pristina, der Haaptstad vum Kosovo, déi net fäerdeggebaut gouf. Si gehéiert zur Eparchie (Diözees) vu Raška a Prizren.[1]

D'Kierch vu vir (2012)

Kontext änneren

Vun 1918 bis 1999 war de Kosovo en Deel vu Jugoslawien. Nodeems no de Balkankricher ëmmer méi fréier Republiken no bluddege Kricher hir Onofhängegkeet erkläert hunn, war Enn vun den 1990er Jore vu Jugoslawien nëmmen nach dat iwwereg wat haut Serbien, de Montenegro an de Kosovo sinn, an enger Situatioun an där Serbien a Montenegro gläichgestallt Republike waren an de Kosovo en Deel vu Serbien. Am Géigesaz zum Rescht vu Serbie wunnen am Kosovo majoritär mosleemesch Albaner an nëmmen eng orthodox Minoritéit, haaptsächlech Serben.

Nodeems an den 1990er Joren de serbeschen Nationalismus an d'Ënnerdréckung vun den Albaner ëmmer méi staark ginn ass, huet sech am Kosovo d'Kosovo-Befreiungsarméi geformt, déi illegal géint déi pro-serbesch Force gekämpft huet. Pristina gouf vun de Kämpf verschount, an 1995 gouf mam Bau vun enger grousser orthodoxer Kierch am Zentrum vu Pristina, nieft der Nationalbibliothéik an der Universitéit, ugefaangen. Et sollt déi gréisst Kierch am Kosovo ginn.[2] Architekt war de Spasoje Krunić.[3] Si gouf awer ni fäerdeggebaut well 1999 d'NATO am Kosovokrich intervenéiert ass an den 12. Juni 1999 bal all d'Serbe Pristina verlooss hunn.[4]

D'Kierch haut änneren

Haut steet just de Réibau mat engem grousse gëllene Kräiz op der Haaptkuppel. Nom Enn vum Krich gouf ouni Succès vun Onbekannte versicht, d'Gebai an d'Luucht ze sprengen, duerno stoung d'Kierch e puer Joer ënner dem Schutz vun der NATO. Déi aktuell serbesch Bevëlkerung lieft haaptsächlech am Norde vum Kosovo oder an Dierfer mat majoritär serbescher Populatioun (zum Beispill Gracanica direkt baussent Pristina) a geet do an d'Kierchen. Well et sou gutt wéi keng orthodox Awunner méi an der Haaptstad gëtt, ass decidéiert ginn d'Kierch net fäerdeg ze bauen. De Réibau an den Terrain op deem e steet gehéiert awer nach ëmmer der serbesch-orthodoxer Kierch, déi refuséiert, d'Gebai ofzerappen oder et fir en aneren Zweck ze benotzen.[5]

Et goufe Gespréicher, fir d'Gebai an e multiethnesche Kulturzentrum ëmzewandelen; déi Gespréicher sinn awer am Sand verlaf. Verschidden Albaner hu sech fir d'Ofrappe vun der Kierch ausgeschwat, well et d'Ënnerdréckung vum Slobodan Milosevic senger nationalistescher Politik géif symboliséieren.[1][4]

Gallery änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Säit vun der Eparchie vu Raška a Prizren: Bishop Teodosije's strongest condemnation of PM Thaçi's statement in which he called the church in Priština "a Milosevic monument" (2. Mee 2014)
  2. Warrander, Gail, a Knaus, Verena (2010), "Kosovo", Bradt, 2. Editioun, S. 131
  3. Homepage vum Architekt an rastko.rs
  4. 4,0 4,1 Balkan Insight (online): Kosovo Mulls Fate of Milosevic-era Cathedral (31. Oktober 2012)
  5. In Your Pocket (online): Christ the Saviour Cathedral