Haaptmenü opmaachen
Astronaut
Charles Bolden
Administratioun NASA
Land Flag of the United States.svg USA
Auswiel 19. Mee 1980
(9. NASA-Grupp)
Flich 4
Éischte Start 12. Januar 1986
Lescht Landung 11. Februar 1994
Dauer 28d 8h 37min
Ausgescheet 27. Juni 1994
1. Missioun STS-61-C
2. Missioun STS-31
3. Missioun STS-45
4. Missioun STS-60
De Charles F. Bolden

De Charles Frank „Charlie" Bolden junior, gebuer den 19. August 1946 zu Columbia a South Carolina) ass e fréieren US-amerikaneschen NASA-Astronaut a Generolmajor vun der Marineinfanterie. Zanter Juli 2009 ass hien Administrateur bei der NASA.

Inhaltsverzeechnes

Ausbildung a MilitärdéngschtÄnneren

De Bolden krut 1968 e Bachelor an Elektrotechnik vun der United States Naval Academy an 1977 e Master a Systemmanagement vun der University of Southern California.

1968 goung de Bolden bei d'Marine, wou hien als Marinefliger augebilt gouf. 1972 an 1973 ass hie méi wéi 100 Asätz am Vietnamkrich geflunn. Nodeem hien nees heem koum, war e Rekrutéierungsoffizéier zu Los Angeles an uschléissend war hien dräi Joer op der Marine Corps Air Station vun El Toro a Kalifornien. Am Juli 1979 krut hie seng Lizenz als Testpilot vun der United States Naval Test Pilot School zu Patuxent River (Maryland).

De Bolden gouf am Mee 1980 vun der NASA als Astronautekandidat erausgesicht.

STS-61-CÄnneren

Den 12. Januar 1986 hat hien als Pilot vun der Raumfär Columbia säin éischte Fluch an de Weltraum. Haaptzil vun der Missioun war et, de Kommunikatiounssatellit SATCOM Ku-1 a seng Ëmlafbunn ze bréngen. Ausserdeem goufen en etlech kleng astrophysikalesch a materialwëssenschaftlech Experimenter gemaach.

STS-31Änneren

Säin zweete Fluch war de 24. Abrëll 1990. Haaptaufgab vum STS-31 war d'Aussetze vum Hubble-Weltraumteleskop. Donieft goufe mat enger IMAX-Kamera Fotoe vun der Äerd gemaach. D'Discovery war no fënnef Deeg, den 29. Abrëll nees gelant.

STS-45Änneren

Als Kommandant vun der Raumfähr Atlantis war de Bolden am Kader vun der ATLAS-1-Missioun (Atmospheric Laboratory for Applications and Science) de 24. Mäerz 1992 an de Raum gestart. Bei där Spacelab-Missioun goufe Studien an de Beräicher Atmosphärechimie, Sonnenastralung, Plasmaphysik an Ultraviolettastronomie gemaach.

STS-60Änneren

Den 3. Februar 1994 war de Bolden fir seng lescht Missioun gestart. Besonnesch bei deem Fluch war, datt mam Sergei Krikaljow fir d'éischt e russesche Raumfuerer mat engem amerikanesche Raumschëff matgeflu war. D'Wake Shield Facility an de Spacehab-Modul waren d'Haaptnotzlaascht u Bord vun der Discovery.

No der NASAÄnneren

Am Juni 1994 huet de Bolden d'NASA verlooss an ass an den aktiven Déngscht beim US Marine Corps zréckkomm. Am Juli 1998 gouf hien zum Generalmajor ernannt. De 9. August 2002 goung hie fort vun dem Marine Corps an ass zanter dem 1. Januar 2003 President an Chief Operating Officer vun der American Puretex Water Corporation a vun de PureTex Water Works.

Bestëmmung als NASA-AdministrateurÄnneren

Den 20. Mee 2009 gouf hie vum President Amerika, dem Barack Obama op d'Plaz vum NASA-Administrateur an d'Lori Garver als seng Stellvertriederin nominéiert.[1] De 15. Juli 2009 gouf de Bolden duerch de Senat als NASA-Administrateur an Nofolger vum Michael Griffin bestätegt.

PrivatesÄnneren

De Charles Bolden a seng Fra Alexis hunn zwee Kanner.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. FliegerRevue Juli 2009, S.9, Charles Bolden wird neuer NASA-Chef