United States Naval Academy

D'United States Naval Academy (USNA; englesch fir Marinn-Akademie vun de Vereenegte Staaten) ass d'Offizéieschschoul vun der U.S. Navy a vum United States Marine Corps.

United States Naval Academy
De Logo
Kategorie Héichschoul
Grënnung 1845
Dréier staatlech – United States Navy
Standplaz Annapolis, Maryland, USA
Leedung Walter E. Carter, Vizeadmiral
Leedungstitel Superintendent
Studentenzuel 4.400
Proffesseren zirka 600
Héichschoulsport Patriot League
American Football: American Athletic Conference
Homepage www.usna.edu

Geschicht änneren

Wéi d'Grënner vun der United States Naval Academy no enger gudder Standplaz gesicht hunn, gouf ugekënnegt, datt den deemolege Marinneminister, George Bancroft, beschloss hat, d'Marinne-Schoul "an der gesonder an ofgeleeëner“ Lag vun Annapolis, Maryland, ze bauen, fir d'Kadetten "vun de Versich an Oflenkungen, déi noutwendegerweis mat enger grousser a Awunnerräicher Stad verbonne sinn" ze behalen. Annapolis läit 33 Meilen ëstlech vu Washington, D.C. an 30 Meilen südëstlech vu Baltimore. D'Akademie hat als Marinne-Schoul op 10 Hektar vum ale Fort Severn zu Annapolis ugefaangen. D'"Philadelphia Naval Asylum School" war hire Virgänger. De Léierplang hat fir déi 50 Kadetten Mathematik an Navigatioun, Schéissübungen, Chimie, Englesch, Naturphilosophie a Franséisch opgewisen. Véier vun den ufanks siwe Membere vum Léierstaff koumen aus Philadelphia, dovu waren dräi Zivilisten a véier Offizéier. D'Ariichtung gouf den 10. Oktober 1845 vum Bancroft ageweit.[1] Den US-Kongress hat kee Mëttel bereetgestallt.

1850 gouf d'Akademie ënner Opsiicht vum “Bureau of Ordnance and Hydrography” (Waffen- an Hydrographiebüro) gestallt an ëmgenannt an “United States Naval Academy” (USNA). E fortlafend 4-Jores-Studium gouf ageriicht, an an deem Verlaf d'Studenten d'Summerméint fir Training op Séi verbruecht hunn. 1892 goufen d'Beruffunge vum Léierpersonal ënner d'Kontroll vum Kongress gestallt.

Géint Enn vum 19. Joerhonnert hunn d'Verantwortlech d'Ariichtungen als ongeeegent fonnt, an hunn e Plang fir e Neibau ugekënnegt. Modern Gebaier aus Granit hunn déi al Holzkonstruktioune vu Fort Severn ersat, dat 1909 ofgerappt gouf. Mam Bau vun der “New Naval Academy” gouf 1899 ugefaangen. De nees opgebauten a vergréisserte Campus huet d'Wichtegkeet vun der US-Marinn an der internationaler Politik vum Theodore Roosevelt reflektéiert, dee vum September 1901 bis 1909 US-President war a vun 1897 bis 1898 Stellvertriedender Marinneminister war. De Roosevelt hat de 6. Dezember 1904 mat der Roosevelt-Corollary, sengem Zousaz zu der Monroe-Doktrin, de Grondsteen fir eng méi expansionistesch Aussepolitik bannenzeg der westlecher Hemisphär geluecht, wou d'Vereenegt Staate senger Meenung no als Polizeigewalt optriede sollten (kuckt och Aussepolitik vun de Vereenegte Staaten#Geschicht).

 
United States Naval Academy zu Annapolis MD

D'Schoul bilt d'Offizéieruwäerter aus, bitt donieft Léier a Fuerschung op wëssenschaftlecher Basis a gëllt als eng vun de renomméiersten Héichschoulen vum Land. D'Institut, dat vum US-Verdeedegungsministère finanzéiert gëtt, läit op der Nordsäit vun der Stad Annapolis wou de Severn River an d'Chesapeake Bucht fléisst.

No véier Joer Ausbildung mussen d'Rekruten fënnef Joer an der US Navy oder dem US Marine Corps déngen. Maskottche vun der Akademie ass Bill the Goat (Bill d'Geess). Hire Motto ass ex scientia tridens (laténgesch fir "Aus Wëssenschaft Söimacht"). 1976 goufen och Frae fir d'Ausbildung zougelooss.

D'US Naval Academy ass de Pendant zu der United States Military Academy vun der US Army, zu der United States Air Force Academy vun der US-Loftarméi an zu der United States Coast Guard Academy vun der US-Küstewaach.

Ettlech Aflëss hunn zanter der Grënnung vun der USNA d'Méiglechkeeten an d'Grenzen vun der Marinn an domat d'Ausbildung vun de Kadetten staark verännert. E puer Beispiller sinn d'Verbreedung vun der Brisanzgranat, d'Erfanne vum Fliger an d'Entwécklung vu Militärfliger, d'Dreadnought (neien iwwerleeëne Schëffstyp zanter 1906; d'USA hunn 1906 an 1907 jee een, zanter 1908 stänneg all Joer zwéin Dreadnoughts op de Stapel bruecht), d'Entwécklung vun U-Boot- an Torpedotechnik, d'Entwécklung vum Radar, d'Entwécklung vu Verschlësselungsmaschinnen (z. B. der Enigma), Prezisiounsgelenkte Munitioun, Rakéiten, der Atombomm, der groussflächeger Satellittenobservatioun an den Asaz vu Kärreaktere fir den Undriff vu Schëffer an U-Booter, deen hir Reechwäit enorm vergréissert huet. Déi béid Weltkricher hu vill nei Erkenntnesser fir d'Féierung vu Séigefechter, -kricher a -blockade bruecht.

An der Naval Academy ass de Séiheld John Paul Jones begruewen. 1906 hat de President Roosevelt déi stierflech Iwwerreschter vum Jones zu Paräis entdeckt an d'Geleeënheet benotzt, d'Opmierksamkeet vum US-Kongress op seng Pläng fir den Opbau vun enger grousser Navy ze zéien, andeem hien de Jones no Annapolis iwwerféieren gelooss huet. Als Virbild huet him dobäi dem Napoleon säi Graf am Invalidendoum zu Paräis gedéngt. D'Gruft läit ënner der Akademie-Kapell. Als “National Historic Site” besiche méi wéi eng Millioun Touristen all Joer d'Naval Academy.

President ass de Superintendent (of the United States Naval Academy), dat ass zanter dem 8. Juni 2007 Vizeadmiral Jeffrey Fowler (USNA-Absolventenjoergank 1974).

Akadeemesch Bildung änneren

Wärend d'akadeemesch Formatioun vun der USNA zum Bachelor-Ofschloss féiert, betreift d'US Navy zousätzlech zwéin Graduate Schools, d'Naval Postgraduate School an de Naval War College.

Curriculum änneren

Arabistik Anglistik Betribswirtschaft
Chimie Chineesesch Philologie Geschicht
Informatik Ingenieurwëssenschaften Loft- a Raumfaarttechnik[2]
Naturwëssenschaften Maschinnebau Mathematik
Mierfuerschung Physik Politikwëssenschaft
Schëffbau Schëffstechnik Systems Engineering
Technesch Informatik Wirtschaftsinformatik Vollekswirtschaftsléier

Berüümt Absolventen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: United States Naval Academy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quelle: American Memory bei der Bibliothek des amerikanische kongresses zum 10. Oktober. Funddatum: 29. Mee 2007.
  2. vgl. och OSCAR 44