Myein
lëtzebuergesch Rockband
Myein war eng lëtzebuergesch Rockband.
Myein | |
---|---|
Logo vu Myein | |
Museksgenre | Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2002 |
Trennung | 2004 |
Memberen |
Andrea Fiorucci (Gittar) José Dos Santos (Gittar) Sean Birch (Bass) Hugo Jäger (Batterie) Serge Santos (Gesank) |
Bandgeschicht
ännerenMyein huet tëscht 2002 an 2004 existéiert. 1999 hu sech zoufälleg déi zwéi Gittaristen Andrea Fiorucci a José Dos Santos begéint an ugefaange Musek ze maachen. No an no koumen de Bassist Sean Birch an den Drummer Hugo Jäger dobäi, mä well den Andrea Fiorucci, deen d'Texter geschriwwen huet, net wollt sangen, gouf Ufank 2002 no engem Sänger gesicht an an der Persoun vum Serge Santos fonnt.[1]
D'Band ass 2003 op déi zweet Plaz bei der Lëtzebuerger Editioun vum Emergenza Festival komm.[2]
Um Lidd Silly op der EP mam selwechten Numm (2004) huet d'Claudine Muno den Hannergrondgesank iwwerholl.
Dräi Membere hunn 2005 de Grupp Medley Jukebox gegrënnt.
Discographie
ännerenAlbum
änneren- 2003: Eyes See (Demo)
EP
änneren- 2004: Silly?