HB Museldall Grevenmacher

(Virugeleet vu(n) HB Museldall)


Den HB Museldall vu Maacher ass deen eenzege lëtzebuergeschen Handballsclub op der Musel an, mam Handball Iechternach, ee vun deenen zwéin am Oste vum Land.

HB Museldall Grevenmacher
Grënnung 1979
President(in) Jeannot Ewald
Sekretär(in) Claire Sertznig
Liga Dammen 1:1. Divisioun
Dammen 2: Promotioun
Hären: Promotioun A
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Gréiwemaacher

De Club gouf 1979 gegrënnt. No e puer Nowuesproblemer Enn vun den 1990er Joren ass de Club vun do un mat sechs Jugendekippen am Nationalchampionnat vertrueden.

D'Meedercher hunn an der 2. Hallschecht vun den 2010er Joren dem Club en Numm gemaach an de Palmarès verbessert.

Palmarès änneren

Dammen änneren

  • Saison 2016/2017: Champion a Coupe Gewënner
  • Saison 2015/2016: Finalist an der Coupe
  • Saison 2014/2015: Finalist an der Coupe
  • Saison 2006/2007: Promotiounschampion
  • Saison 1984/1985: Promotiounschampion

Hären änneren

  • Saison 1987/1988: Vizechampion 2. Divisioun
  • Saison 1983/1984: Vizechampion 2. Divisioun

Cadettes änneren

  • Saison 2016/2017: Champion
  • Saison 2015/2016: Champion
  • Saison 2014/2015: Vizechampion a Finaliste an der Coupe
  • Saison 2012/2013: Vizechampion a Coupegewënner
  • Saison 2011/2012: Vizechampion a Coupegewënner
  • Saison 2008/2009: Finalist an der Coupe
  • Saison 2006/2007: Coupegewënner
  • Saison 2004/2005: Vizechampion a Finalist an der Coupe

Um Spaweck änneren