Pilzeräich

(Virugeleet vu(n) Champignon)
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Pilzer (lat. fungi) bilden an der biologescher Klassifikatioun, nieft dem Planzeräich, de Protisten an dem Déiereräich, eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten, de Liewewiese mat echtem Zellkär.

Pilzeräich
E Stännerpilz

E Stännerpilz
E Stännerpilz
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Domän: Eukaryoten
Ofdeelung: * Jochpilzer
* Schlauchpilzer
* Stännerpilzer
* Arbuskulär Mykorrhizapilzer
* Töpfchenpilzer
Wëssenschaftlechen Numm
Fungi

Zu de Pilzer ziele souwuel Eenzeller wéi d'Bakhief, wéi och Villzeller wéi d'Stännerpilzer, virun Allem déi iessbar si beim Mënsch beléift, an déi meeschtens onbeléift Schammelpilzer.

Pilzer multiplizéieren a verbreeden sech geschlechtlech an ongeschlechtlech duerch Sporen a vegetativ duerch Ausbreedung (eventuell mat Fragmentéieren) vun hire munnechmol immens laangliewege Myzelien oder Mykorrhizen. De gréissten Deel vun der Biomass vun de Pilzer ass am Buedem ze fannen.

De Gréisstespektrum vun de Pilzer reecht vu mikroskopesch klengen Aarte bis zu den liicht erkennbare Grousspilzer. D'Myzel vun enger Hallimaschaart (Armillaria ostoyae[1]) aus dem Malheur National Forest (USA) ass mat enger Ausdeenung vun 8,8 km² an engem geschaten Alter vun 2.400 Joer eent vun den eelsten an dat gréisst Liewewiesen op der Äerd.

D'Wuert „Pilz“ staamt vum Alhéichdäitsche buliz, wat warscheinlech vum laténgesche bōlētus (griichesch βωλίτης = Champignon) ofgeleet gouf. Déi botanesche Bezeechnung fungi léisst sech op dat griichescht σφόγγοι (Plural) zeréckféieren, a bezeechent ursprénglech Schwämm. Well Pilzer sech och mat Waasser vollsuckele wéi Schwämm, gouf de Begrëff am Laf vu senger Geschicht op si iwwerdroen.

D'Léier vun de Pilzer heescht Mykologie, ofgeleet vum griicheschen ὁ μύκης [mýkēs].

Mykologie zu Lëtzebuerg

änneren

Zu Lëtzebuerg huet d'Studium vun de Pilzer eng laang Traditioun, déi hautdesdaags vum Groupe de recherche mycologique vun der Société des naturalistes luxembourgeois oprecht erhale gëtt. Haaptaktivitéite[2] sinn Exkursiounen, Bestëmmungsowenter a Publikatiounen.[3]

Bedeitend Mykologen zu Lëtzebuerg

änneren

Literatur

änneren

Allgemeng Literatur

änneren

Literatur iwwer d'Pilzeräich zu Lëtzebuerg

änneren
  • Diederich. P. & C. Scheidegger, 1996. Reichlingia leopoldii gen. et sp. nov.. a new lichenicolous hyphomycete from Central Europe. Bull. Soc. Nat. luxemb. 97: 3-8. Pdf
  • Feltgen, Joh., 1899. Vorstudien zu einer Pilz-Flora des Grossherzogtums Luxemburg. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 14: 33-417.
  • Feltgen, Joh., 1902. Vorstudien zu einer Pilz-Flora des Grossherzogsthums Luxemburg, 1.Theil- Ascomycetes, Nachträge 2.. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 15: 33-243.
  • Feltgen, Joh., 1905. Vorstudien zu einer Pilz-Flora des Grossherzogsthums Luxemburg, 1.Theil- Ascomycetes, Nachträge 3.. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 16: 37-328.
  • Feltgen, Ernest, 1941. Beitrag zu einem praktischen Luxemburger Volks-Pilzbuch. Luxemburg: P. Worré-Mertens, 91 p.
  • Layen, 1880. Synopsis, Dichotomique des Champignons. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 4/5: 19-174. Accès op de Pdf
  • Mangen, Jean-Marie [Ed.], 1989. - Champignons du Luxembourg. Planches inédites de Pierre-Joseph Redouté (1759-1840). Manuscrit de Louis Marchand (1807-1843). - Ministère d'Etat, Commission gouvernementale pour la commémoration du 150e anniversaire de l'indépendance du Grand-Duché de Luxembourg; Ministère des Affaires Culturelles, Musée National d'Histoire Naturelle, Société des Naturalistes Luxembourgeois. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 115 p.
  • Pailhès M, M Garnier-Delcourt & C Reckinger, 2010 an 2012: Sur les traces des champignons comestibles et toxiques du Luxembourg Luxembourg: Administration de la Nature et des Forêts; Ehlerange, Reka. 179 p. [coll.: MT Tholl, G Marson, R Wennig]
  • Schiltz, Fernand, 2011. Luxemburger Pilze. Esch-sur-Alzette: Éd. Schortgen, 134 p. [oppassen, dës éischt Editioun enthält vill Feeler[4]]
  • Schultheis, B., 1990. Neue Arten der Nichtblätterpilze (Aphyllophorales) und Gallertpilze (Heterobasidiomycetes) für Luxemburg. I.. Bull. Soc. Nat. luxemb. 90: 107-130. Pdf
  • Thoen, D. & B. Schultheis, 2003. Checklist provisoire des champignons hypogés du Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 103: 31-44. Pdf
  • Schultheis, B. et al 2012. Tintling-Dialog mit den Luxemburger Pilzfreunden. Der Tintling. 5/2012

Notes mycologiques am Bulletin vun der SNL

änneren
  • Garnier-Delcourt, M., G. Marson, Ch. Reckinger, B. Schultheis, M.-T. Tholl & J. Turk, 2010. Notes mycologiques luxembourgeoises. IV. Bull. Soc. Nat. luxemb. 111: 61-79.
  • Tholl, M.-T., 1996. Notes mycologiques (1986-1995). Bull. Soc. Nat. luxemb. 97: 119-134.
  • Tholl, M.-T., 1986. Notes mycologiques (1983-1985). Bull. Soc. Nat. luxemb. 86: 107-116.
  • Tholl, M.-T., 1985. Notes mycologiques. Bull. Soc. Nat. luxemb. 85: 61-75.

Um Spaweck

änneren
Commons: Fungi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. D'Aart gëtt an den USA Honey Mushroom genannt.
  2. Cf. https://web.archive.org/web/20121210105854/http://mycology.lu/
  3. Cf. Pailhès et al. 2010 an der Literatur.
  4. Déi éischt Editioun vun dësem Buch ass offensichtlech ouni "peer reviewing", d. h. wëssenschaftlech Kontroll, erausbruecht ginn, well si enthält vill Feeler, wouvun eenzeler e gesondheetlechen Impakt kënnen hunn. De Groupe de recherche mycologique vun der SNL huet dem Verlag eng Lëscht vu Verbesserungen zoukomme gelooss, déi an enger zweeter Editioun solle berücksichtegt ginn.
Déi véier Räicher vun den Eukaryoten

Déiereräich - Planzeräich - Protisten - Pilzeräich