De Cha 110913−773444, oder verkierzt als Cha 1109−7734 oder Cha 110913 bezeechent, läit am Stärebild Chamaeleon an ass en Planemo. E gouf am Joer 2005 entdeckt. Den Himmelskierper ass fir e Brongen Zwerg ze liicht a kann dofir mat enger Mass vu ronn aacht Jupitermassen an engem Radius vu ronn 1,8 Jupiterradien als Planéit ouni Stär ugesi ginn. Et ass also souzesoen e Vagabundestär, dee jee no der Sprooch Rogue Planet (en), Solitärplanéit oder Interstellare Planéit genannt gëtt.

Cha 110913−773444
De Cha 110913-773444 (Mëtt) am Verglach zu eiser Sonn (lénks) an dem Jupiter (riets).
Numm Cha 110913−773444
Stärebild: Chamaeleon (Cha)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 11h 09m 13,6s
Deklinatioun − 77° 34' 45"
visuell Magnitude 21,59 mag
Spektralklass: ?
Astrometrie
Radialvitess:
Distanz zirka 500 Lj
zirka 160 pc
Absolut Hellegkeet ? mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: zirka 8 MJ
Radius zirka 1,8 RJ
Uewerflächentemperatur 1350 K
Entdeclung
Spitzer-Weltraumteleskop 2005

Um Cha 110913−773444 existéiert eng Stëbsscheif, an där sech Planéiten an natierlech Satellitte forme kéinten. Den Objet huet en Alter vu wéinege Millioune Joer.

De Cha 110913−773444 gouf mam Spitzer-Weltraumteleskop, dat de Kosmos am Beräich vum Infraroutliicht ënnersicht, entdeckt.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Cha 110913-773444 – Biller, Videoen oder Audiodateien