Den Éilerenger Wäschbuer ass eng Wäscherei zu Éilereng a gläichzäiteg en therapeuteschen Atelier, dee Leit mat medezinesch-psychologesch-soziale Problemer eng Aarbecht bitt.

Struktur änneren

Den Atelier gouf 1993 vun der ASBL "Caritas Accueil et Solidarité" zu Hollerech opgemaach an ass zanter 2002 zu Éilereng an der Industriezon ZARE ze fannen.[1] Dës Initiativ gëtt vum Gesondheetsministère ënnerstëtzt. Bis 35 Persoune kënnen an dëser Struktur beschäftegt ginn. D'Aarbecht erfaasst haaptsächlech Wäschen a Strecke vun de Kleeder vu Leit aus Fleegeheemer; all Joer ginn ongeféier 130.000 Kilo Wäsch gebotzt. D'Personal vum Atelier bitt ausserdeem eng psyscho-sozial Betreiung fir déi eenzel Schaffent. Ausserdeem ginn nach sozial-therapeutesch Aktivitéiten ugebueden.[2]

Referenzen änneren

  1. caritas.lu: Structures de travail - Atelier-Buanderie « Éilerenger Wäschbur » (gekuckt den 18. Juli 2012)
  2. mywort.lu: Caritas-Kollekte 2011 zugunsten des „Éilerenger Wäschbuer“ (19. Mäerz 2011, gekuckt den 18. Juli 2012)