De Camille Lamboray, gebuer de 7. Juni 1915 zu Donkels a gestuerwen de 26. Januar 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist an Auteur.[1]

Camille Lamboray
Gebuer 7. Juni 1915
Gestuerwen 26. Januar 2002
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Hien huet bis hie 6 Joer hat zu Donkels gewunnt wou säi Papp Jean-Pierre Lamboray als Douanier geschafft huet. Hien huet no der Primärschoul am Stater Kolléisch 1934 seng Première gemaach. Duerno huet hien zu Bréissel, Paräis, Aix-en-Provence a Montpellier Droit studéiert a mat engem Doktorat ofgeschloss.[2]

Vun 1933 bis 1935 war hie Coediteur vun der Studentenzeitung 'Studenten'[1] vun där 7 Nummeren[2] erauskoumen.

1935 war hien ee vun deenen déi d'Opriichte vun engem Gedenkstee fir de Johann Wolfgang von Goethe um Bockfiels initéiert hunn.[1][2]

1940 ass hie bei d'Spuerkeess schaffe gaangen, wou hie vun 1970 bis zu senger Pensioun 1980 Directeur adjoint war.[2]

An den 1990er Joren huet hie Wierker vum Sophokles an Euripides op lëtzebuergesch iwwersat.[1]

Gielercher[2] änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Portrait vum Camille Lamboray am Luxemburger Autorenlexikon
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Portrait vum Camille Lamboray op der Websäit winseler.lu Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-12-23.