C/2014 Q2 (Lovejoy)
De Koméit C2014Q2 Lovejoy
Orbittyp laangperiodesch
Grouss Hallefachs 578.504
Perihel 1,290 AE
Aphel 1156 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.998
Perihelduerchgank 30. Januar 2015
Ëmlafdauer ≈ 14.000 a
Ëmlafvitess ? km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker Terry Lovejoy
Entdeckungsdatum 17. August 2014
Aner Bezeechnungen C/2014 Q2

Den C/2014 Q2 (Lovejoy) ass e laangperiodesche Koméit.

Den australeschen Amateurastronom Terry Lovejoy huet de Koméit de 17. August 2014 entdeckt. De Koméit hat zu deem Zäitpunkt eng visuell Magnitude vu ronn 15 mag. Am Dezember 2014 war d'Hellegkeet dann op ronn 7,4 mag geklomm a wäert sech am Januar bis op ronn 4 mag erhéijen (Prognos). Mëtt Dezember 2014 gouf de Koméit dee gréng liicht, ënner ganz gudde Bedéngunge fir d'éischt mat bloussem A observéiert.[1]

Den C/2014 Q2 (Lovejoy) hat d'Äerd de 7. Januar 2015 op enger Distanz vun 0,469 AE (70,2 Millioune Kilometer) passéiert. De Koméit erreecht säi Perihel (sonnenächste Punkt) den 30. Januar 2015 op enger Distanz vun 1,29 AE (193 Millioune Kilometer) zu der Sonn. Seng Ëmlafzäit ëm d'Sonn dauert ronn 14.000 Joer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: C/2014 Q2 (Lovejoy) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Alan MacRobert: Binocular Comet Lovejoy Heading Our Way. Sky & Telescope, 28. Dezember 2014. Ofgeruff den 11. Januar 2015