Sky & Telescope
Sky & Telescope (S&T) ass déi gréisst amerikanesch Zäitschrëft fir Amateurastronomen.
D'Zäitschrëft kënnt all Mount eraus an huet ënner anerem dës Theemen:
- Fachartikel iwwer Astronomie a Raumfaart
- Astronomesch Kuerznoriichten a Buchbespriechungen
- Tabellen a Kaarte vun aktuellen astronomeschen Erscheinungen
- Neiegkeete vun den amerikaneschen Astroveräiner
- Tester vun astronomeschen Instrumenter an Astroprogrammer
- Teleskop selwer bauen (Amateur Telescope Making)
- Astrofotografie.
D'Artikele si fir d'Fachlieser geschriwwen a stamen dacks aus der Fieder vu Beruffsastronomen. Déi meescht Illustratioune si faarweg a bei Himmelsfotoe gëtt dorop opgepasst, fir och nieft Fotoe vu groussen Observatoiren och Biller vun Amateurastronomen ze bréngen.
D'Zäitschrëft gouf 1941 duerch eng Fusioun vun den Zäitschrëfte The Sky a The Telescope gegrënnt. Editeur ass Sky Publishing, eng Sektioun vun der New Track Media, LLC.