Haaptartikel zu dësem Theema: Republikanesche Kalenner 

De Brumaire war den zweete Mount vum franséische republikanesche Kalenner.

Op e puer Deeg méi oder manner huet de Brumaire vum 22. Oktober bis zum 20. November vum Gregorianesche Kalenner gedauert.

Ausserdeem huet de Brumaire ongeféier mat der Period iwwerenee gestëmmt, wou d'Sonn duerch d'Stärenzeeche vum Skorpioun vum tropeschen Déierekreeszeechen leeft.

Den Numm koum vun der Expressioun « des brouillards & des brumes basses qui sont (...) la transudation de la nature d'octobre en novembre », dëst waren d'Wierder déi de Fabre d'Églantine der Convention nationale den 3. Brumaire Joer II am Numm vun der « Commission chargée de la confection du calendrier » virgedroen huet.

Dëse Mount huet säin Numm och dem Staatsstreech ginn, deen den 18. Brumaire Joer VIII de Generol Napoleon Bonaparte a Frankräich un d'Muecht bruecht huet. An dësem Fall gëtt och vum 18-Brumaire geschwat (Numm mat engem Bindestréch a Brumaire groussgeschriwwen), mä och vu Brumaire (och an dësem Fall groussgeschriwwen, fir am franséische Sproochgebrauch vum Numm vum Mount selwer z'ënnerscheeden).

Deeg änneren

Nimm vun den Deeg fir de Brumaire
  1re Décade 2e Décade 3e Décade
Primidi 1. Pomme 11. Salsifis 21. Bacchante
Duodi 2. Céleri 12. Macre Châtaigne d'eau
Cornuelle
22. Azerole
Olive (Olive)
Tridi 3. Poire 13. Topinambour
Poirreterre
23. Garence
Quartidi 4. Betterave 14. Endive 24. Orange
Quintidi 5. Oye 15. Dindon 25. Faisan
Jars
Sextidi 6. Héliotrope 16. Chervi Chervis
Chironis
26. Pistache
Septidi 7. Figue 17. Cresson 27. Macjonc
Octidi 8. Scorsonère 18. Dentelaire 28. Coing
Nonidi 9. Alisier 19. Grenade 29. Cormier
Decadi 10. Charrue 20. Herse 30. Rouleau
modern franséisch Nimm si kursiv geschriwwen - Virschléi vum Fabre d'Églantine, déi net akzeptéiert goufe, si kleng geschriwwen

Ëmrechnungstabell änneren

Ëmrechnungstabell tëscht republikaneschem a gregorianeschem Kalenner
fir de Brumaire
Joer I Joer II Joer III Joer V Joer VI Joer VII
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20
Oktober 1792 1793 1794 1796 1797 1798 November
Joer IV Joer VIII Joer IX Joer X Joer XI Joer XIII Joer XIV
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21
Oktober 1795 1799 1800 1801 1802 1804 1805 November
Joer XII
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22
Oktober 1803 November
  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.