De Bruce C. Murray, gebuer den 30. November 1931 zu New York City, New York a gestuerwen den 29. August 2013 zu Oceanside, Kalifornien war en amerikanesche Geolog a Planetolog.

Bruce C. Murray
Gebuer 30. November 1931
New York
Gestuerwen 29. August 2013
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit USA
Educatioun Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Geolog

1955 huet de Murray um Massachusetts Institute of Technology a Geologie promovéiert an hat dono fir d'Standard Oil of California, d'United States Air Force, an de United States Civil Service geschafft, ier hien am Joer 1960 eng Aarbecht beim California Institute of Technology ugefaangen huet. Hie gouf 1963 ausseruerdentleche Professer, 1969 uerdentleche Professer fir Planetologie a Geologie a krut d'Pensioun am Joer 2001.

Vum 1. Abrëll 1976 bis den 30. Juni 1982 war hien Direkter beim Jet Propulsion Laboratory.

Zesumme mam Carl Sagan an dem Louis Friedman huet hien am Joer 1980 d'Planetary Society gegrënnt, wou hie fir eng Amtszäit de President war.

De Murray ass am Alter vun 81 Joer un der Folleg vun Alzheimer gestuerwen. Hie war bestuet an hat fënnef Kanner. Säi Koseng, den Tom Foley war fréiere Spriecher vum Representantenhaus vun de Vereenegte Staate vun Amerika.

Éierungen änneren

1997 krut de Murray als Éischten de Carl Sagan Memorial Award. 2004 gouf hie mam Telluride Tech Festival Award of Technology zu Telluride am Colorado ausgezeechent.

Den Asteroid (4957) Brucemurray gouf no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Bruce Murray – Biller, Videoen oder Audiodateien