Britteschen Zaldotekierfecht vu Roye

Commonwealth-Kierfecht bei der franséischer Uertschaft Roye an der Somme.

De Britteschen Zaldotekierfecht vu Roye (Roye New British cemetery) ass e Commonwealth-Kierfecht bei der franséischer Uertschaft Roye an der Somme.

Britteschen Zaldotekierfecht vu Roye
Vue op de Kierfecht
Land Frankräich
Gemeng Roye
Adress D934
Ugeluecht 1918
Koordinaten 49° 41’ 29.16’’ N
      02° 48’ 31.96’’ O
Gestioun Commonwealth War Graves Commission


D'Entrée vum Roye New British Cemetery laanscht d'D934 tëscht Roye a Roiglise.

De Kierfecht gouf Roye New British Cemetery genannt fir en an der Zäit wéi en ugeluecht gouf, vun engem aneren z'ënnerscheeden, deen haut zwar nach als Zaldotekierfecht besteet, awer op deem elo keng Commonwealthzaldote méi leien. Op där Plaz ass zanter 1920 den däitschen Zaldotekierfecht vu Roye.

Geschicht änneren

An der Zäit vum éischte Weltkrich war Roye vum 30. August 1914 bis de 17. Mäerz 1917 an däitschen Hänn, an duerno nees eng Kéier vum 26. Mäerz 1918 bis de 26. August dat selwecht Joer. Uganks Mäerz 1918 hat d'53rd Casualty Clearing Station ugefaangen den éischte Kierfecht unzeleeën. Se waren awer net domat fäerdeg ginn, d'Griewer ze markéieren, wéi Roye nees vun der preisescher Arméi zeréckeruewert gouf. An de Méint duerno hunn déi Däitsch och hir Gefalen op deem Kierfecht begruewen.

1920 koumen d'Commonwealthgriewer vum deem Kierfecht op den Neie Kierfecht, deen ugeluecht gi war wéi nom Krich vill Gefale vu verschiddene KrichspCommonwealth War Graves Commissionlazen a vun anere Griewerplazen dohi koumen. Um Kierfecht leien am Ganze 567 Zaldote begruewen.

Griewer no Nationalitéiten änneren