Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Brescello ass eng italieenesch Uertschaft vu ronn 5000 Awunner an der Provënz Reggio Emilia an der Regioun Emilia-Romagna. Si läit un den Uwänner vum Po. Weltwäit bekannt gouf dës Uertschaft, well do an de fofzeger Joren d'Geschichte vum Don Camillo a Peppone gefilmt goufen, an zwar op der Grondlag vun de Romaner vum Giovannino Guareschi. Zu Brescello gëtt et och e Musée iwwer dëse Film, a virun der Kierch steet eng Statu vum Fernandel. Den Theater vu Brescello dréit dem Gino Cervi, deen Acteur deen de Peppone gespillt huet, säin Numm.

Brescello
Land Italien
Regioun Emilia-Romagna
Provënz Reggio Emilia
Koordinaten 44°54'0"N, 10°31'0"O
Fläch 24,04 km²
Awunner 5.630 (1. Januar 2023)
Héicht 24 m
ISTAT 035006
D'Statu vum Don Camillo virun der Kierch vu Brescello

Kuckt och änneren

 
D'Kierch vu Brescello.

Um Spaweck änneren

Commons: Brescello – Biller, Videoen oder Audiodateien