Istituto Nazionale di Statistica

Den Istituto Nazionale di Statistica (ISTAT) ass en ëffentlechen italieenesche Fuerschungsorganissem dee sech mat der Statistik an der Demographie an Italie beschäftegt.

D'Istituto Nazionale di Statistica

E gouf am Joer 1926 gegrënnt. En ass ënner anerem fir d'Duerchféiere vun der Vollekszielung zoustänneg. An Italie gëtt et ausser de statisteschen Ämter vun den autonome Provënze Südtiroul an Trentino nëmmen deen een nationalen Institut.

Aufgaben änneren

Nieft der Vollekszielung gëtt och déi wirtschaftlech Aktivitéit (Produktivitéit), d'Konsumverhalen, d'Alldagskultur, d'Gesondheet, d'Fräizäitverhalen, d'Bautätegkeet a.v.m festgehalen an ënnersicht.

Am Zesummenhank mat der Aféierung vum Euro, deen an Italien zu enger gefillter Präisdeierecht gefouert huet, ass an de Joren 2002 bis 2005 och d'Zoustännegkeet vum ISTAT fir de Verbraucherpräisindex an d'Bléckfeld vun der Ëffentlechkeet geroden. Dobäi ass absënns d'Auswiel vun der Wuerecorbeille kritiséiert ginn, déi net de wierklechen Ausgaben entsprieche soll.

Um Spaweck änneren