Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bréck déi iwwer d'Our féiert. Fir de Lieu-dit mam änlechen Numm, kuckt wgl. Doosber Bréck .

D'Bréck vun Doosber ass eng Grenzbréck tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Et ass eng Stroossebréck a féiert iwwer d'Our.

Bréck vun Doosber
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Rouderssen
DEUDEU Dasburg
Flosskilometer 35,630[1]
Koordinaten 50° 02’ 57.9’’ N 6° 07’ 35.2’’ O
Chronologie
Baujoer 1846
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1953
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX N10
DEUDEU B 410
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 38,95 m
Längt tëscht Widderlager 21,00 m
Felder/Béi 1
Feldbreet(en) m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz


Si läit tëscht den Uertschaften Doosber Bréck am Lëtzebuergeschen an Doosber am Äifelkrees Béibreg-Prüm an Däitschland.

Bréck déi am arméiertem Bëtong gebaut a mat Permange verkleet ass, gouf 1953 gebaut. Si ersetzt eng fréier stenge Bréck mat dräi Béi vu 6,50 Meter déi 1846 gebaut gouf.

Et ass eng Boubréck (agespaante Bou), mat engem Bou, an de Bou huet eng Spanwäit vun 21 Meter.

D'Bréck huet zu Lëtzebuerg iwwer d'N10B Uschloss un d'Nationalstrooss 10 an an Däitschland un d'Bundesstrooss B410 an d'Kreesstrooss K149

Am Krich war d'Bréck no der Ardennenoffensiv vun der Wehrmacht um Réckzuch zerstéiert ginn. Se gouf vun amerikanesche Pionéiertruppe provisoresch duerch eng einfach Bailey-Bréck ersat, déi sech awer séier als ze schappeg erwisen huet, duerno koum eng verduebelt Duebelbaileybréck an d'Plaz.

Fir dorun z'erënnere gouf op der däitscher Säit eng Plackett an en Informatiounspanneau opgeriicht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: US-Monument op der Doosber Bréck.

D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck op der Tëntesmillen (flossop) an d'Bréck op der Dörnauelsmillen (flossof). Bis am Zweete Weltkrich war d'Bréck op der Frankemillen déi éischt Nopeschbréck no ënnen.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bréck vun Doosber – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 4 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.