US-Monument op der Doosber Bréck

Monument als Erënnerung un amerikanesch Zaldoten

D'US-Monument op der Bréck vun Doosber ass eng Erënnerung un amerikanesch Zaldoten déi do géint Enn vun der Ardennenoffensiv provisoresch Brécke gebaut hunn, fir datt hir Truppen dréchnesfouss an Däitschland konnte goen.

US-Monument op der Doosber Bréck
D'Erënnerungsplack
Typ Monument
Land Däitschland
Gemeng Äifelkrees Béibreg-Prüm
Plaz Doosber-Bréck
Koordinaten 50°2'58,45"N, 6°7'36,66"O
Zu Éiere vun Ardennenoffensiv

Geschicht änneren

Wéi d'Ardennenoffensiv gestoppt war an d'Amerikaner um Virmarsch a Richtung Däitschland waren, ass no Plaze gesicht gi wou et relativ einfach war fir iwwer d'Flëss ze kommen. Well de Westwall awer zimmlech staark mat Bunkere befestegt war, war dat net iwwerall einfach, an all d'Brécken iwwer d'Musel, d'Sauer an d'Our waren zerstéiert.

Wéi déi 6. US-Panzerdivisioun op der Tëntesmillen de 6. Februar 1945 bis op déi däitsch Säit komm war, konnt se no Osten a Süde weidermarschéieren. Den 21. Februar owes géint fënnef Auer, war dunn Doosber an amerikaneschen Hänn. Nach de selwechten Dag huet dat 25. Panzerpionéierbatailloun vun der 6. US-Panzerdivisioun eng Bréck iwwer d'Our gebaut. Et war eng einfach Bailey-Bréck déi, well se ze schappeg war, den 28. Februar duerch eng verduebelt Duebelbaileybréck fir eng Laascht vun 120 Tonnen ersat gouf, déi vun der C-Kompanie vum 249. Pionéierkampfbatailloun opgeriicht gouf.

Déi Unitéit war och am Ufank vun der Ardennenoffensiv a Kämpf verwéckelt an hire Kapitän den Arnold J. Cissna war zu Bilschdref de 24. Dezember 1944 gefall. Den 22. Mäerz 1945 hat s'en erfollegräiche Stuermugrëff bei Oppenheim ze verzeechnen.

Erënnerungsplack änneren

D'Monument dat um däitschen Uwänner vun der Our steet, besteet aus enger Erënnerungsplack an engem Informatiounspanneau niewendrun. Op der Plack steet dësen Text:

We dedicate this Monument in recognition
of the valiant soldiers of the 249th U.S.Engineer Combat Bataillon
General George S. Patton's 3rd Army.
The sacrifices will never be forgotten.
U.S.Veterans, Friends, Luxembourg - Gemeinde Dasburg

Kuckt och änneren