Bréck op der Tëntesmillen

Grenzbréck iwwer d'Our tëscht Lëtzebuerg an Däitschland


D'Bréck op der Tëntesmillen ass eng Bréck iwwer d'Our déi déi lëtzebuergesch Gemeng Hengescht mat Dahnen an Däitschland verbënnt. Se steet um Flosskilometer 45,175 eng ronn 200 Meter südëstlech vun der Tëntesmillen. Op der lëtzebuergescher Säit féiert den CR339 op d'Bréck an op der däitscher Säit Kreesstrooss K148.

Bréck op der Tëntesmillen
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Hengescht
DEUDEU Dahnen
Flosskilometer 45,175[1]
Koordinaten 50° 05’ 33.9’’ N
      6° 07’ 40.7’’ O
Chronologie
Baujoer 1897
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1969
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX CR339
DEUDEU K 148
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Duerchlafträger
Totallängt 45,20 m
Längt tëscht Widderlager 28,00 m
Felder/Béi 2
Feldbreet(en) 2 × 14,00 m
Breet 8,00 m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Krees Béibreg-Prim
Ënnerhalt Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz

Déi haiteg Bréck ass eng Dunnebréck, eng sougenannt Durchlaufträgerbrücke, mat zwee Felder a gouf 1969 gebaut. Si ersetzt eng Boubréck mat dräi Béi, déi 1897 gebaut, 1931 renovéiert[2] an am September 1944 zerstéiert gouf. Se gouf op Käschte vum Äifelkrees Béibreg-Prüm gebaut, an den Ënnerhalt gëtt zu gläichen Deeler vu Lëtzebuerg an dem Land Rheinland-Pfalz gemaach.

D'Bréck mat den Opleeër ass 45,20 Meter laang an all Feld ass 14 Meter breet. D'Fuerbunn ass 6 Meter breet mat op all Säit engem Trëttoir vun engem Meter breet.

Zum Enn vum Krich hat Pionéierkompanie vun der 80. US-Infanteriedivisioun eng verduebelt duebelstäckeg Bailey-Bréck opgeriicht, déi 1953 am Optrag vun der lëtzebuergescher Akerbauverwaltung duerch eng primitiv Dunnebréck op zwéi Flosspilieren ersat gouf. Datt et bis 1969 gedauert huet bis eng nei Bréck gebaut gouf, ass haaptsächlech drop zeréckzeféieren, well e Staudamm bei Doosber sollt gebaut ginn, an doduerch de ganzen Dall op der Tëntesmillen 20 Meter héich mat Waasser opgefëllt gi wier. Eréischt wéi dee Projet fale gelooss gouf, hunn am Abrëll 1966 d'Verhandlunge fir de Bau vun enger neier Bréck, tëscht den zwee Länner ugefaangen.

D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck vun Doosber (flossof) an d'Georges-Wagner Bréck bei Ouren (flossop).

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 2 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.
  2. Pub. 7 Page 5. Luxemburger Wort, 1931. Jg., nº 216 (04.08.1931). Gekuckt de(n) 10.02.2021.