Foussgängerbréck bei der SEO

däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our
Dëse Bréckenartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Foussgängerbréck bei der SEO (Société électrique de l'Our) ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our um Floss-km 19,13. Se verbënnt den industrielle Site vun der SEO mat dem däitschen Ufer 1,3 km flossofwäerts vu Käppessen.

Foussgängerbréck bei der SEO
D'Foussgängerbréck bei der SEO, a Richtung Däitschland gekuckt
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Pëtschent
Waldhaff-Falkesteen
Koordinaten 49° 57’ 18.6’’ N° 06’ 10’’ 36.1
49° 57’ 19.0’’ N° 06’ 10’’ 39.2
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck, Vëlosbréck
Féiert iwwer Our
PK 19,13
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck (Genitt Fachwierkdunnen)
Totallängt ca. 60 m
Felder/Béi 2
Material Stol
Bemierkungen
Opgaangen 2015

Op Initiativ vun der SEO gouf d'Bréck zesumme mat de Gemenge Veianen a Pëtschent am Kader vun der Entwécklung vun de Fräizäit- an Erhuelungsariichtungen ëm den ënneschte Baseng vum Pompelspäicherwierk opgeriicht. Se ass 2015 opgaangen.

D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck vu Stolzebuerg (flossop) an d'Bréck vu Biwels (flossof).

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Foussgängerbréck bei der SEO – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren