D'Beweegungsrichtung beschreift an der Physik d'Richtung, an déi sech en Deelche beweegt.

Dat spillt virun allem bei der Impulsiwwerdroung vu Massekierper an Deelercher eng Roll, bei deenen duerch Stéiss an domat verbonnen Impulsiwwerdroungen d'Beweegungsrichtung vun den Deelercher verännert gëtt. Dobäi gëtt d'Beweegungsrichtung an der Physik an an der Technik entspriechend dem virleie vun Linearitéit resp. Netlinearitéit a linear Beweegungen (genannt Translatioun) an an netlinear Beweegungen (wéi z. B. d'Rotatioun) ënnerscheet.

Allgemeng kann d'Beweegungsrichtung duerch jiddwer um Deelchen ugräifend Kraaft geännert ginn.

Duergestallt gëtt d'Beweegungsrichtung meeschtens mat Hëllef vu Vektoren. Dobäi bedéngt ee sech meeschtens dem sechs-dimensionale Phaseraum (hamiltonesch Mechanik), deen nieft den Uertskoordinaten och d'Impulskoordinaten erfaasst, mat deenen d'Beweegung vollstänneg charakteriséiert ass.

An der Astronomie si labber Stärenassociatiounen oder Beweegungskéip bekannt, deenen hir Membere bal déi selwecht, parallel Beweegungsrichtung hunn. Doraus kann een hir kollektiv Entwécklung aus enger riseger Gaswollek schléissen. Als éischt vun dëse Stäregruppe gouf ëm d'Joerhonnertwend d'Ursa-Major-Grupp entdeckt.