Bernard Montgomery

brittesche Feldmarschall am zweete Weltkrich

De Bernard Law Montgomery, 1st Viscount Montgomery of Alamein, KG, GCB, DSO, PC, DP gebuer de 17. November 1887 zu London a gestuerwen de 24. Mäerz 1976 zu Alton am Hampshire, war e brittesche Feldmarschall. Hie war ënner dem Spëtznumm Monty bekannt.

Bernard Montgomery
Gebuer 17. November 1887
Gestuerwen 24. Mäerz 1976
Alton
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Military College vu Sandhurst
Aktivitéit Offizéier, Schrëftsteller, Politiker

Karriär änneren

No senger Ausbildung als Offizéier op der Militärakademie vu Sandhurst huet hien eng Zäit a Brittesch-Indien gedéngt. 1910 gouf hie Läitnant genannt.

Am Éischte Weltkrich gouf en den 13. Oktober 1914 uerg un enger Long blesséiert a konnt eréischt am Fréijoer 1915 säin Déngscht nees ophuelen.

1942 gouf hie Kommandant vun der 8. brittescher Arméi, déi d'Schluecht vun El Alamein géint déi Däitsch-Italieenesch Panzerarméi ënner dem Kommando vum Erwin Rommel an Ettore Bastico fir sech entscheede konnt, wat mat sech bruecht huet, datt déi däitsch-italieenesch Truppe sech a Richtung Tunesien aus dem Stëbs gemach hunn, fir do dann am Mäerz 1943 komplett zerschloen ze ginn. Spéider gouf de Montgomery ënner dem Titel "Viscount of Alamein" vum englesche Kinnek an den Adelsstand erhuewen.

Hien huet 1943 eng wichteg Roll am Kader vun der Landung a Süditalien gespillt, an och 1944 am Kontext vun der Operatioun Overlord a vun der Befreiung vu Bréissel. D'Operatioun Market Garden an Holland am September 1944, déi hie kommandéiert huet, huet sech mat ronn 17.000 Mann Verloschter soldéiert; d'Resultat war minimal an hat derzou nach als Konsequenz en Hongerwanter an Holland.

Zum Schluss vum Krich an Europa waren et seng Truppen, déi de Groussadmirol Karl Dönitz, dem Hitler säin Nofollger un der Spëtz vum Drëtte Räich, an Norddäitschland gefaange geholl hunn.

Nom Zweete Weltkrich war de Bernard L. Montgomery, vum 26. Juni 1946 bis den 1. November 1948, Imperial Chief of Staff. Duerno, am Kader vum Bréisseler Pakt, deen de 17. Mäerz 1948 tëscht Frankräich, dem Vereenegte Kinnekräich an de Benelux-Staaten ënnerschriwwe gi war, gouf en nach ieweschte Chef vum État-major "Unilion" vun der Westlecher Unioun zu Fontainebleau, Haaptquartéier vun den dräi militäresche Komponenten "Uniter", "Unimer" an "Uniair".

Auszeechnungen änneren

Literatur änneren

  • Nigel Hamilton, Monty - I: The Making of a General, 1887-1942; II: Master of the Battlefield: Monty's Waryears, 1942-1944; III: The Field-Marshall, 1944-1976; London (Hamish Hamilton), 1981-1986.
  • Antoine Capet, Montgomery - L'artiste des batailles; Paräis (Perrin; collection "Maîtres de guerre"), 2014; 400 S., ill.; ISBN 978-2-262-04084-0
  • Bernard L. Montgomery, The Memoirs of Field-Marshall the Viscount Montgomery of Alamein, K. G.; London (Collins), 1958.