Liwwerant vum Haff

Auszeechnung fir Entreprisen déi e kinneklechen, keeserlechen, fürstlechen, bëscheeflechen oder peepstlechen Haff beliwweren

E Liwwerant vum Haff, Haffliwwerant oder Fournisseur de la Cour ass eng Auszeechnung fir Entreprisen, déi e kinneklechen, keeserlechen, fürstlechen, bëscheeflechen oder peepstlechen Haff beliwweren.

Wope vum hollänneschen Haffliwwerant

Haffliwwerant zu Lëtzebuerg änneren

 
Emblème vun engem Lëtzebuerger Haffliwwerant

Mam Titel Fournisseur de la Cour gi vum Grand-Duc Lëtzebuerger Firmen ausgezeechent déi sech duerch d'Exzellenz vun hire Leeschtungen ervirgedoen hunn.

Prozedur änneren

Wann eng Firma oder e Betrib reegelméisseg an op d'mannst wärend fënnef Joer Wueren oder Servicer un den Haff geliwwert huet, ka s'eng Demande maache fir mam Titel vum Haffliwwerant ausgezeechent ze ginn.

An enger Kommissioun ginn d'Demandë bewäert an et gëtt ë. a. gekuckt ob d'Entreprise d'Qualitéitsufuerderunge vum Haff respektéiert, ob s'e gewësse Ruff huet an ob se sech fir eng nohalteg Entwécklung asetzt. Am Fall vun enger positiver Decisioun, gëtt den Titel op zéng Joer ausgestallt[1]. D'Kommissioun bewäert reegelméisseg d'Leeschtunge vun de Betriber, déi de Statut hunn, a préift och d'Demandë fir eng Verlängerung. Den Titel ass perséinlech fir eng Firma a kann net op Drëtter iwwerdroe ginn.

All Joer op Nationalfeierdag gëtt d'Lëscht vun de Fournisseure vum Haff aktualiséiert.

Geschicht änneren

De Prënz Hari, deen 1850 vu sengem Brudder Wëllem III. zum Prënz Lieutenant-représentant vum Grand-Duché ernannt gi war, hat groussen Interessi um Wuel vun der Bevëlkerung an huet sech fir hir wirtschaftlech Entwécklung agesat. Hien huet deels am Walfer Schlass residéiert an hat reegelméissege Kontakt mat de Lëtzebuerger Liwweranten. 1890 koum den Adolphe op de groussherzoglechen Troun an hien huet eng Rëtsch Liwweranten iwwerholl déi vum Hari agesate gi waren. En neie Brevet gouf vum Haff ausgestallt, aus deem méi spéit de Fournisseur de la Cour entstanen ass, dee mer haut kennen.

Zu den eelste genannte Liwweranten hu vun 1891 de Portraitsmoler Charles Bernhoeft an d'Rousenziichterei Soupert & Notting gehéiert, grad ewéi d'Keramiksmolerei Zens frères vun Iechternach (1895).

Haffliwweranten haut änneren

Zanter datt d'Auszeechnung agefouert gouf, sinn iwwer 500 Betriber ausgezeechent ginn. Aktuell(Juni 2022) gëtt et 51 Fournisseurs de la Cour an néng Kategorien.

Haffliwweranten[2]
Kategorie Liwweranten
Dekoratioun a Kaddoen 5
Maroquinerie a Bijouterie 5
Gesondheet a Wuelbefannen 4
Transport 2
Baufirmen 8
Kommunikatioun a Medien 1
Verschidde Geschäfter 6
Bürosmateriel 2
Liewensmëttel 18
TOTAL 51

Haffliwwerant soss an der Welt änneren

Den Titel vum Haffliwwerant ass eng historesch Auszeechnung vun de verschiddene Monarchien an Europa a baséiert haaptsächlech um brittesche Modell. Hautdesdaags gëtt et den Titel nach ë. a. a follgende Länner:

  • Belsch: Fournisseur breveté de la Cour de Belgique
  • Dänemark: Liwwerant vum Kinnek / der Kinnigin: Kongelig Hofleverandør a Liwwerant vum Haff Leverandør til Det Kongelige Danske Hof
  • Holland: Koninklijk Hofleverancier
  • Schweden: Kunglig Hovleverantör
  • Vereenegt Kinnekräich: Royal Warrant

Um Spaweck änneren

Commons: Liwwerant vum Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Liwwerante vum groussherzoglechen Haff vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. « Payer pour faire la cour », kuckt: Um Spaweck
  2. Déi offiziell Fournisseure vum groussherzoglechen Haff | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2022-06-23.