Moon Flower Sax
Bäigetrueden 5. September 2022
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer vum Moon Flower Sax am Sujet Moien
Moien
änneren
|
Sultan Edijingo (Diskussioun) 17:12, 5. Sep. 2022 (UTC)
- Moien Sultan Edijingo,
- ech benotze verschidde Sproochen vu Wikipedia schonns wierklech laang, warscheinlech Joerzéngten, elo wou Wikipedia iwwer 20 Joer al ass. Ech hunn endlech de Driff krut mol selwer eppes ze maachen.
- Ech wollt grad eben eng Ännerung verëffentlechen, nodeems ech e puer Stonne - mat vill hin an hier - et endlech zu menger Zefriddenheet bruecht hunn. Et war e bësse frustréiernd, well bal all Link zu den "Hëllefssäiten", déi d'Säit engem gëtt, entweder op enger anerer Sprooch sinn oder guer net existéieren. Dann hunn ech d'Notiz vun dëser Noriicht entdeckt, merci also fir d'Linken! Et wier awer schéin, wann déi engem Neizougang méi accessibel wieren.
- Wéi geschriwwe, sinn e puer Stonnen vergaange an ech hänke u menger Ännerung a géif déi elo verëffentlechen. Wann Dir wëllt, kënnt Dir Ierch déi jo emol ukucken a mir Bescheed ginn op et an der Rei ass, soss beschaffe ech et en anere Dag nach eng Kéier. Fausti
- Dir an déi aner Mataarbechter dierfen mech gäeren duzen.
- Merci fir de Versteesdemech an d'Begréissung,
- Moon Flower (Diskussioun) 17:33, 5. Sep. 2022 (UTC)
- Moien, Moon Flower, och vu menger Säit!
- Zéck nëmmen net, Ännerungen ze maachen an ze publizéieren. Wann s de der bei eppes net sécher bass, schreif et einfach an d'Kommentarfeld beim Ofspäicheren. En Aneren, deen da laanscht luusst, kuckt dat dann no. Allgemeng ass et jo esou, dass et normal ass, dass dat wat hei steet, dat kollektivt Resultat vu méi Leit ass; ëmmer mam Zil, weider auszebauen, ze verdéiwen an ze beräicheren. Vill Spaass, a
- Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:49, 5. Sep. 2022 (UTC)
- Moien Zinneke,
- ech hunn bereets eng Quell uginn, falls dir dat entgaange ass. Sie ass mat enger [6] am a béiden Titelen vun de Tabellen uginn.
- Bescht Gréiss,
- Moon Flower (Diskussioun) 20:00, 5. Sep. 2022 (UTC)
- PS Zum Fausti senger Diskographie: Ass déi iergendwous publizéiert, sou dass een dat als Quell kinnt uginn?