Babel-Benotzer-Informatioun
lb-N Dësem Benotzer seng Mammesprooch ass Lëtzebuergesch.
de-N Dieser Benutzer spricht Deutsch als Muttersprache.
en-GB-3 This user has advanced knowledge of British English.
en-3 This user has advanced knowledge of English.
fr-2 Cet utilisateur dispose de connaissances intermédiaires en français.
nl-0 Deze gebruiker heeft geen kennis van het Nederlands (of begrijpt het met grote moeite).
Benotzer pro Sprooch

Moien,

mäin Numm ass Moon Flower.


Ech hu viru kuerzem einfach emol meng zwou éischt Fausti CDen am Cactus kaf. Duerno wollt ech Infoen am Internet zesummesichen fir d'Metadaten ze vervollstännegen, nëmmen fir erauszefannen, dat bal näischt ze fannen ass. Nodeems Wikipedia elo iwwer 20 Joer al ass, war dat wuel endlech de bescheidene Punkt, dat ech e Wikipedia-Kont erstallt hunn. Obschons den Ënnerscheed mat der lëtzebuerger Präsenz am Internet am Verglach zu viru 20 Joer - seguer zu viru nëmmen 10 Joer - grouss ass, ass et hautzedaags trotzdem nach bedierfteg. Relativ rezent kruten mir Internetdéngschter ewéi Lëtzebuerger Online Dictionnaire, Spellchecker.lu, myGuichet, Google Translate fir lëtzebuergesch, a villes méi. Allerdéngs ass a Saachen Enzyklopädie nach vill nozehuelen, wann e lëtzebuergesche Ikon ewéi de Fausti emol keng Diskografie hei hat.


Léif Gréiss,

Moon Flower (Diskussioun) 20:53, 5. Sep. 2022 (UTC)