Moie Luxmaster051,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Robby 20:27, 28. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Fotoe vu Flickr änneren

Moien,

du hues 2 Fotoe vu Flickr eropgelueden. Leider sinn nach laang net all Fotoen op Flickr fräi: All Auteur kann do bestëmmen, wéivill "Weidergebrauch" e vu senge Biller erlaabt. Eng vun deenen, déi s du eropgelueden hues, ass leider just fräi "fir ze kucken". Dofir dierf se net op Wikipedia stoen, well Biller an Texter hei ënner CC-by-sa Lizenz stoe sollen (dh vereinfacht: jidderee kann dermat maache wat e wëll, just den Auteur muss ëmmer genannt ginn an d'Lizenz muss d'selwecht bleiwen). Op Flickr steet dat als "share alike" an "attribution". Deemno nëmmen esou Biller heihinnersetzen. Merci.

--Zinneke 15:19, 11. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Gudde Moien,

zum Thema: InterCity J:

entschëllegt wann Dier Iech blesséiert fillt. Dat war net meng Absicht. Mee verschiddenes muss awer kloer gestallt ginn:

  • Dir sitt op lb.Wikipedia wëllkomm an eis kleng Wikipedia-Communitéit ass frou fir all Mataarbecht.
  • Duerch äer Editen hëlleft Dir "eis" net, mee Dir drot en Deel bäi zu engem weltwäite Projet. Mee Dir sitt net deen eenzegen deen dozou eppes bäidréit. Och aner Benotzer hunn eng Meenung iwwer en Thema, wann och net onbedéngt déi selwecht wéi Dir.
  • Dëse Projet ënnerläit bestëmmte Regelen a Konventiounen. Eng vun dëse Regelen seet, dass nëmmen enzyklopedesch relevant Donnéen solle festgehale ginn. Dofir eng Fro: Hutt Dir schonn an iergendengem Larousse, Brockhaus oder soss enger Enzyklopédie gelies wéieng Voituren u bestëmmten Zich vu Bréissel op Arel fueren? Ech menge net. Dat huet och säi Grond: Déi Informatioun intressiéiert warscheinlech nëmmen e Minimum vum Publikum, wann iwwerhaapt.
  • Op Wikipedia gëtt grousse Wert geluecht op en héiflechen a frëndlechen Ëmgankstoun. Dat erliichtert villfach d'Kommunikatioun. Perséinlech Urempelunge sinn net erwënscht a ginn och net toleréiert.
  • All Artikel huet eng Diskussiounssäit, wou iwwer den Inhalt vum Artikel kann a soll dikutéiert ginn. Et ass nëmme normal dass do heiandsdo verschidde Meenungen géintiwwer stinn. An dem Fall muss versicht ginn sech ze eenegen. Noutfalls gëtt ofgestëmmt an d'Majoritéit decidéiert.
  • Perséinlech Matdeelungen fir en anere Benotzer gehéieren op deem seng perséinlech Diskussiounssäit.
  • Op Wikipedia gëtt et kee Chef, kee President a kee Comité. Mee et ginn Administratoren déi d'Missioun hu fir derfir ze suergen dass alles am Kader vun de bestoende Regelen ofleeft. D'Administratoren (och nach Admin oder Sysop genannt) hunn e puer Méiglechkeeten fir anzegräife wann eppes aus dem Rudder soll lafen. Dat si Leit déi scho länger Zäit bei Wikipedia aktiv sinn an duerch demokratesch Walen designéiert goufen.

Fazit: Net rose ginn oder sech op de Läpp getrëppelt fille wann een aneren eng aner Meenung huet. Eng sachlech Diskussioun bréngt do méi.

An deem Sënn, an op eng gutt Zesummenaarbecht.

-- Pecalux 15:49, 11. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren


Ech gesin daat duerchaus an, mee ech kann Ierch soen dass et eng Communauteit vun Zuch Begeeschterten zu Lëtzebuerg gett(zu daer ech och zielen) an et ass oft net einfach eng gewessen Informatioun ze fannen. Dofir ass et mer en perseinlecht Uleies vir iwwert dese Wee mei Informatiounen zum Thema accesibel ze man.

Mat "Ierch" haat ech am Fong och di grouss Communautéit vun wikipedia-Lieser gemengt, op keen Fall iergendeen perseinlech.

--Luxmaster051 18:20, 11. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Dass et eng relativ grouss Communitéit vun "Zuchbegeeschteten" zu Lëtzebuerg gëtt ass gewosst; ech perséinlech gehéieren och derzou, si Member a veschidde Clibb an hunn och nach däerfen 42 Jore laang "op der Bunn" schaffen. Dofir kennen ech dës Communitéit relativ gutt. Ech muss awer feststellen dass e ganz groussen Undeel vun den "Zuchbegeeschterten" Fantasten a Fanatiker sinn an dacks d'Realitéit verkennen (Domat mengen ech Iech elo net perséinlech). Wann Dir méi Informatiounen iwwer den InterCity J braucht, da kuckt emol einfach dës Websäit. Do steet alles wat Dir och am Artikel geschriwwen hutt. -- Pecalux 06:49, 12. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

Stinn déi Poteauen nëmmen an der Gare vu Bartreng, oder op der ganzer Streck?

Wa jo da misstt een dat an den Artikel vun der Streck setzen, a vläicht soe firwat dat esou ass.

Les Meloures 17:53, 15. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren


Jo, daat stemmt. Ech aktualiseiren den Artikel op der Plaatz.

Luxmaster051 18:58, 15. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren


Remoien,

Ech mengen et ass net wichteg datt een déi Informatioun vu de Pottoen bei all Gare setzt. Et häüngt jo och net nëmme vun de Pottoen af, de ganze Catenairesysteem muss jo duefir ausgeluecht sinn, an dat ass jo nëmmen op der ganzer Streck méiglech. Les Meloures 18:45, 15. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Do gouf eppes gefrot. Les Meloures 15:30, 23. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

Kuck emol w.e.g. Do.

Les Meloures 08:43, 1. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Entschëlleg w.e.g. ech hunn dee Falschen erwëscht. Les Meloures 08:45, 1. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Fir am Sënn vu fir eppes do ze sinn gëtt mat F geschriwwen

Vir bei Hannen a Vir gëtt mat V geschriwwen.

Les Meloures 10:47, 12. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Gudde Moien,

Et kommen ëmmer erëm déi selwecht Feeler vir, an ëmmer erëm mussen se verbessert ginn. Besteet do wierklech keng Méiglechkeet fir besser opzepassen.

Op der lb:wiki hu mer och d'Gewunnecht fir Saachen ze kategoriséieren. Dat dierft dach och net schwéier sinn.

Wann ee méngt et wier flott fir als Botzfra hanner all Artikel ze lafen, da kéint e sech geiert hunn.

Les Meloures 10:35, 14. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Moien, ech huelen mer an Teschenzait den Spellchecker zur Hand vir Feeler ze éviteiren. Ech hat gehofft esou d'Feeler ze minimiséiren. --Luxmaster051 10:55, 14. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Wann ee bis erausfonnt huet op wéi engem Sytem de Spellchecker opgebaut ass, da stellt ee fest, datt dat mat déi schlechst Léisung ass fir Feeler ze fannen.

Am Beschten ass et d'Verbesserungen op der wiki nozekucken, a sech déi Feeler déi verbessert goufen ze verhalen. Wann et net anescht geet, sech einfach eng Lëscht op der Hand uleeën.

Les Meloures 11:12, 14. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Bei de Biller déi Dir vun der de:wikipedia eropgeluet hutt, ensprécht d'Lizenz net der originaler Lizenz. Fir ze verhënneren datt se geläscht ginn, musst Dir dat änneren.

Les Meloures 08:37, 26. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Ech fannen beim "Fichier:181 201.JPG" net wou ech d'Lizenz veränneren kann. --Luxmaster051 08:42, 26. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,
Dofir einfach op de Reider Änneren klicken, an dann an der Ännerungfënster déi Richteg Schabloun asetzen.
An dësem Fall ass dat {{Bild-CC-by-sa/2.0/de}}. Fir erauszefannen op et esou eng Schabloun gëtt einfach an der Kategorie:Schabloune fir Billerlizenzen kucken. Fir ze gesinn wéi déi Schabloun ausgesäit op der Säit Wikipedia:Lizenzschabloune fir Biller kucken.
Wann et eng Schabloun fir eng Lizenz net gëtt, einfach engem Admin Bescheed soen, mat Link op de Fichier an der anerer Wiki wou d'Bild steet.

Fir dëst Bild gouf d'Ännerung elo gemaach.

Les Meloures 10:23, 26. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

't ass gär geschitt. Les Meloures 13:11, 26. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Oh mei, wou sinn meng Manéieren, Merci datt der dat gemat hutt.

--Luxmaster051 13:14, 26. Abr. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,

Éier et systematesch mat de Feeler weidergeet mellen ech mech emol.

Kuckt der vläicht d'Verbesserungen un déi ech bei de Garen an der Këscht gemaach hunn.

Besser direkt richt wéi alles nach eng Kéier an de Grapp huelen.

Merci am viraus

Les Meloures 07:56, 22. Jun. 2010 (UTC)Äntweren


Remoien,
Wollt der just nach soen datt ech déi Iddi mat deenen Tabelle ganz flott fannen.
Les Meloures 16:46, 22. Jun. 2010 (UTC)Äntweren


Merci, ech hu mech bei der franséischer Wikipedia inspiréiert. Iddi ass eben dat een sech duerch di verschidden Linnen kann duerchklicken.

--Luxmaster051 16:54, 22. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

Kuck emol w.e.g. Hei.

Les Meloures 05:15, 28. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

Kuck emol do w.e.g. Les Meloures 07:55, 25. Aug. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

dat hei Bild, dat s D'eropgelueden hues huet net déi néideg Informatiounen. Merci, déi bei Gelee!enheet derb!aizesetzen: Fichier:Catenaire 25KV Mersch.JPG

Et ass net néideg, déi selwecht Foto vum Catenairespotto ëmmer nees eropzelueden. Klick beim Fichier einfach op "Änneren" a setz dann hannert "Lizenz:" déi déi s de wëlls (z.B. CC-by-sa/3.0). Mär kënnen dat leider net fir dech man, just du als Auteur däerfs (a muss) d'Lizenz bestëmmen. --Otets ♣ 04:22, 16. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Bilder änneren

Lieber LuxMaster,

Möchten Sie ein Foto des 2106 CFL für den Einsatz in [CFL http://nl.wikipedia.org/wiki/CFL_2100 CFL 2100] fit

Mit freundlichen Grüßen. - Jan Oosterhuis (nl) 14:10, 4. Okt. 2010 (UTC)Spoorjan

  • Können Sie live den Autor Hans de Rond die lizenzierte aus dem Foto aandrengen es für den allgemeinen Gebrauch in den verschiedenen Ländern zu ändern.

In der Hoffnung, eine positive Antwort auf weerzijds verbleibe ich

- Jan Oosterhuis (nl) 17:01, 4. Okt. 2010 (UTC)Spoorjan


Salut,

Ech hunn déi heiten Installatioun an der Gare zu Gouvy gesinn. Weess du firwat dat gegraucht gouf. Ech hunn drop getippt datt et war fir Gabaritten ze kontrolléieren. Les Meloures 22:54, 14. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

 

Ech weess et net, mä vun der Form hier géing ech och op sou eng Installatioun tippen.

--Luxmaster051 10:48, 15. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Artikel Catenaire änneren

Gudde Moien. Am Artikel Catenaire hues de eng Joerszuel verbessert, déi elo logescherweis falsch muss sinn: Bis 1951 gëtt de Rescht vun de Eisebunnstrecken am Guttland elektrifizéiert, .... Kanns de dat emol nokucke w.e.gl.? --Pecalux 07:48, 4. Dez. 2010 (UTC)Äntweren

Merci dass de mech dorop opmierksam gemat hues. Et ass natierlech 1961.

--Luxmaster051 14:49, 4. Dez. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

Déi Linken déi elo nach op Serie 28 SNCB ginn missten déi net och op d'Serie 28 (Bombardier) goen. ? Les Meloures 18:02, 7. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Jo, ech hunn déi Linken geännert déi ech fonnt hunn, mä et sinn der sécher 2 oder 3 déi ech iwwersinn hunn!

--Luxmaster051 17:14, 8. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Remoien:

Misst dann d'Serie 28 SNCB net an der Schabloun drableiwen, quitt dat se nach rout ass, well et gëtt déi jo och, wann ech mech net ieren. Les Meloures 18:50, 8. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Jo, dann maachen mer et am Beschten wéi bei der Serie 18 och, mir setzen eng Serie 28 (Baume & Marpent) SNCB nei an d'Schabloun an markéieren op béiden Säiten en Lemma. An op der Säit Serie 28 SNCB, kommen béid Artikel dran. Ech hat effektiv net un di al Serie 28 geduecht wei ech d'Weiterleitung gesat hunn.

--Luxmaster051 20:33, 8. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Resalut,

et kéint een och klengen Artikel iwwer déi Serie maachen, d'Fransousen hunn ee sonneren, da kéinte mir ons dat och leeschten. Wat mengs du derzou. Les Meloures 20:40, 8. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Et gëtt jo och anscheinend nach eng Lokomotiv vun där Serie. Et misst ee gewuer gi wou déi steet. Les Meloures 20:42, 8. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Jo, dann setzen ech deen mol sou bai, belrail.be mengt d'2801 géing bei der SNCB Holding erhalen ginn. Déi hunn hiren Depot, menges Wessens, zu Schaarbeek. --Luxmaster051 20:54, 8. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Garekëscht änneren

Moien, Ass eng gutt Iddi. Et wier vläicht net schlecht d'Entête an den CFL's-Faarwen ze halen, sou wéi op de Schëlter vun de Garen, hellgiele Bord mat bloer Schrëft. Eng Zeil fir d'geogegraphesch Koordinaten anzesetze wier och net schlecht. Soss am Allgemenge fir déi Garenartikelen wier et flott wanns de eng Méiglechkeet häss fir d'p.ken erauszefannen.

M.b.G Les Meloures 08:58, 23. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Réckele vu Lemmata änneren

Wann een e Lemma op en aneren Text réckelt, da soll een och sämtlech Linken, déi op den ale Lemma verlinkt hunn, mat änneren. Dat kann ënner Ëmstänn vill Aarbecht sinn, mä et presséiert net well jo automatesch e Redirect agebaut gouf. Wann alles korrekt verlinkt ass kann deen ale Lemma geläscht ginn, awer net éischter. --Pecalux 06:50, 8. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,

Luuss emol vläicht eng Kéier dohinner. Merci am Viraus -- Les Meloures 09:02, 21. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Gare Ëlwen änneren

Salut,

Kanns d'emol den Tableau vun den Zich déi an der Gare halen, nokucken. Ech mengen do stëmmt eppes net. --Les Meloures 10:03, 3. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Garekëscht, Beispill Gare Péiteng änneren

  1. Zuel vun de Quaien: An denger Këscht stinn der 3. Ech kann ziele wéi ech wëll, ech gesinn der nëmmen 2.
  2. Zuel vun de Gleiser: An der Këscht stinn der 4. Wann ech nëmmen d'Gleiser zielen, déi laanscht e Quai lafen, kommen ech op 3. Wann ech d'Duerchganksgleiser all zielen, kommen ech op d'mannst op 7. An dann hunn ech all déi aner Rangéier- a Stompgleiser net matgezielt.
  3. Deeselwechte Problem besteet och bei anere Garen.

Hunn ech eppes iwwersinn? --Pecalux 06:09, 23. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Salut, et sinn dach ganz kloer 3 Quaien: 1, 2 an 3(mat 2 an 3 déi aus enger eenzeger Plattform bestinn)?! Main schlaut Dokument vum Ministère seet huet fir Péiteng och 3 Quaien. Wat d'Gleiser betrëfft, muss ech effektiv nach eng Kéier kucken goen wéi vill Gleiser et lenks nach gëtt. Ech hunn mech bei den Quaien a Gleiszuelen ëmmer un d'Zuel aus deem Dokument gehaal. Nohaltegkeetsministère

--Luxmaster051 15:18, 23. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Jo wann de Minstère net wees datt 1 Quai kann 2 Gleiser zervéieren an eventuell nach méi Destinatiounen déi deementspriechend um Quai numeréiert ginn, dann ass em net ze hëllefen. De Ministère gëtt just d'Zuel vun deenen Numerotatiounen un. En intresséiert sech net un der Definitioun wat e Quai ass. Souwäit wéi ech mech erënnere kann (ech war scho laang net méi an enger Gare) stoung och ëmmer op der Destinatiounslee Voie 1 Voie 2 a sou weider, an an den Unterführunge stoung vers voie 1 2 3 a.s.w. Steet elo Quai do amplaz Voie. An Däitschland fënnt een dacks d'Bezeechnung Bahnsteig A Gleis 1 a.s.w. fir déi aner Gleiser déi vun deem Quai zervéiert ginn. --Les Meloures 18:09, 23. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

All own work? änneren

Hi! You have uploaded these files:

Are they all own work? --MGA73 19:27, 6. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

The files,

For the others I have the written authorization by the author to display them on wikipedia.

--Luxmaster051 12:13, 7. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Stroosseschëlder änneren

Dem Copyright-Link no ass just eng "nc" Lizenz erlaabt, an net generellt "by". Ech froe mech awer, op net souguer "PD" applikabel ass, well di Schëlder jo all an engem Gesetz stinn. --Otets ♣ 00:31, 30. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Ass d'Wiki dann eng commerciel Aktivitéit?--Luxmaster051 00:34, 30. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Neen, d'Wiki ass momentan keng kommerziell Aktivitéit, dofir hunn ech perséinlech och net onbedingt eppes géint nc, awer den Jimbo mengt et sollt ee just komplett fräi Saachen eroplueden. Do gouf et eng Diskussioun um Stamminet driwwer mam Thema "Foundation Images Policy" (aktuell deen éischte Punkt am Index), wou vill argumentéiert gouf. Soit, wi gesot sinn d'Stroosseschëlder net onbedingt vun deer Diskussioun betraff, am Fall wou se carrément an den Domaine public fale giffen. --Otets ♣06:56, 30. Jun. 2011 (UTC)Äntweren