Porto fir d'Affekoten änneren

Moien,

a Felicitatioune fir Ären éischten Artikel! Denkt beim Schreiwe just drun, datt d'Wikipedia eng Enzyklopedie ass, d.h., se faktuell ass a beschreift (wee wat wou wéini...). Ech hunn dofir emol e Standard-Aféierungssaz bäigesat, aus deem ervirgeet, wat et ass. Dofir soll Interpreatioun, wann iwwerhaapt, éischter zweetrangeg gehale ginn, a kloer als sollech erkennbar sinn.

An anere Wierder: Den Artikel bräicht nach méi Beschreiwung, ëm wat d'Handlung geet, a wéi engem Verlag (a wéivill Oploen) en erauskoum, wéi en opgeholl gouf bei Kritik a Public, ob et Iwwersetzunge ginn, Nofolger, asw.

Merci am Viraus, an op eng flott Zesummenaarbecht.--Zinneke (Diskussioun) 06:33, 23. Aug. 2017 (UTC)Äntweren


 
Moie Kejser Ping,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
  Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

  Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
  Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
  Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
  Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
  Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
  Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei:  . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Jwh (Diskussioun) 05:29, 23. Aug. 2017 (UTC)Äntweren

Krimi änneren

Krimi ass eng Ofkierzung déi net nëmme fir Romaner gebraucht gëtt dofir réckelen ech mol op Kriminalroman. --Les Meloures (Diskussioun) 15:51, 27. Aug. 2017 (UTC)Äntweren

Western änneren

Moien,

fir d'éischt emol Felicitatioune fir Är Artikelen: Eng Beräicherung (well (absënns lëtzebuergesch) Literatur hei natierlech och soll méiglechst ausféierlech hir Plaz fannen), a flott ze liesen, a mat Fachkenntnis! Sorry fir déi Verschlëmmbesserung, ech hat just am Land-Artikel anzwousch "Westesch" gelies, dofir geduecht, et wier en Tippfeeler hei.

An zéckt net, wann der sollt Froen oder Proposen hunn, déi ze stellen (iwwert den Artikel op deem senger Diskussionssäit, ganz Allgemenger um Staminee, an un ee bestëmmte Benotzer op deem senger Säit. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 13:53, 29. Aug. 2017 (UTC)Äntweren

Verbesserung änneren

Moien, also ech weess net ob s du eng Erklärung fir d'Verbesserunge wëlls wa jo hei ass se:

Sazbau: Schreif kuerz Sätz do méchs du am mannste Feeler an et ass och de "gängege" Sazbau am Lëtzebuergeschen. Du tendéiers gären Hanne-Vir-Sätz ze maachen, déi si schwéier korrekt ze schreiwen oder ze maache fir datt se einfach ze liese sinn. Evitéier "onnéideg" Niewesätz wéi: "Et brauch net laang erkläert ginn". (Sazbau ass och net meng Stäerkt)
Eifeler: Do kann der de spellchecker.lu hëllefe wann s du op den duerchgestrachenen "n" drécks.

Du méchs net vill Feeler looss dech net vun de Verbesserunge stéieren ;), deng Kontributioun ass wëllkomm. --Soued031 (Diskussioun) 22:35, 10. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

Moien och, just fir mech dem Soued unzeschléissen: Et ass hei ganz normal, jo ee vun de flotte Prinzipie vu Wikipedia, dass een deen aneren ouni vill Fiederliesens iwwerliest - jiddeereen iwwersäit emol dëst an dat, oder schreift Formuléierungen, déi een och anescht dréie kéinnt. Mer sinn all leider duerch de Schoulsystem getrimmt ginn, datt "Feeler" eppes Schlechtes sinn, an dacks méi dorop gekuckt gëtt, wéi wat ee geschriwwen huet. Op Wikipedia probéiere mer, dat méi konstruktiv unzegoen: All inhaltlech Kontributioune sinn apprécieiert, a klengt Gekoschters un der Orthographie gëtt esou niewelaangscht, an engem kooperative Sënn gemaach, ëmmer d'Zil virun Aen, en zolitten enzyklopedeschen Artikel zu engem Sujet ze hunn. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 09:49, 11. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

Moie Soued an Zinneke,

Ech halen drop, iech fir är Korrekture Merci ze soen. Ech hunn eréischt virun annerhallef Joer ugefangen, Lëtzebuergesch ze schreiwen. No engem zéien Ufank, mat ëmmer méi grousser Freed, haut wëll ech et net méi mëssen. Ech hunn déi lescht Wochen erausfonnt, dass Wikipedia eng flott Plattform ass, fir mol een Text schnell erauszegi mat engem schnellen a gratisse Lektorat. Fir mech ass dat ee Léierprozess, dee Spaass mécht an dat huet vill mat ärem Asaz an ärer Toleranz ze dinn.
Ech erwësche mech selwer heiansdo an enger puristescher Haltung, wann ech feststellen, dass ee mir de Polizeiroman net duerchgoe léist, well ech mengen, dass Policeroman och net lëtzebuergesch ass a mir eis däitsch Wuerzelen net solle verleegnen. Wann ech mir dat dann e bësschen iwwerluecht hunn, da fannen ech de Virschlag awer net sou schlecht, virun allem, wann ech gläichzäiteg déi ganz Technik den Artikel ze réckele mat geliwwert kréien. Wichteg ass, dass den Auteur net eleng un sech denkt, mee un säi Lieser. Wann den Text deem net liicht iwwert d'Zong geet – dat ass elo net dat richtegt Bild, mee et fällt mir just näischt besseres an, dann ass en net vill wäert. Wann dir averstane sidd, dann hale mir et an dem Sënn. Salut Kejser Ping (Diskussioun) 14:07, 11. Sep. 2017 (UTC)Äntweren
Moie Kejser Ping meng Mammesprooch ass och net Lëtzebuergesch ;). Ech hu meng Schwieregkeete mam Sazbau a mat de Prepositiounen. Do brauchs du just d'Korrektur vum Polarbier-Artikel ze kucken. Eis ass et wichteg datt dat wat s du gemaach hues gutt do steet ouni däi Stil ze änneren + datt der Spaass mécht hei matzehëllefen :). Kleng Info: Mir hu keng Preferenzen ob FR oder DE d. h. Ermëttlung oder Enquête ass gläichgesat. Déi eenzeg Amenter wou s du ee gesäis e Wuert bei dir ze wiesselen ass well s du héchstwahrscheinlech ze dacks dat selwecht Wuert benotzt hues.
Sou apropos Police:
Den LOD seet just Police. Et ass e Wierk wat mer guer net gefällt awer et ass dat Wierk mat de mannste Varianten (wichteg fir eng Exnzyklopedie). De Luxdico seet béides ass OK. Et gouf op der Wiki an am Spellchecker entscheet just Police, Polizist a polizeilech ze behalen. Maach der keng Suergen iwwer Wierder déi hir Schreifweis net kloer zu 100 % sinn, mir këmmeren eis drëms --Soued031 (Diskussioun) 14:19, 11. Sep. 2017 (UTC)Äntweren