Porto fir d'Affekoten

Kriminalroman vum Josy Braun

Porto fir d'Affekoten ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Josy Braun, deen 1997 bei den Éditions Phi erauskoum.

Et ass dem Braun säin éischte Kriminalroman an och deen éischte vun där Gattung iwwerhaapt a Lëtzebuerger Sprooch.[1]

Ëm wat geet et am Roman? änneren

De Jean Leclerc ass Bâtonnier a kënnt vum Edgar Raach sengem Begriefnes heem. Hie mécht eng Fläsch wäisse Porto op, déi hie vum Verstuerwene geschenkt krut. Kuerz drop fält hien ëm an ass dout. Et soll net bäi där Läich eleng bleiwen. Et gëtt der eng Rei méi an ëmmer ass de selwechte Porto am Spill. Mä net all Fläsch mat der Etikett „Terras Altas“ ass mat Kaliumzyanid vergëft.

De Journalist Pit Marburg recherchéiert, zesumme mam Fotograf Joé Kolber, iwwer d'Affär. Dobäi si se dem Kommissär Alfred Biermann vun der Sûreté an dem Ënnersichungsriichter Franz Bauer déi d'Enquête leeden, ëmmer ee Schrack viraus...

Personnagen änneren

De Pit Marburg, ee Journalist vum Landbuet, ass den Held, dee vum Joé Kolber, engem jonke Fotograf aus der selwechter Zeitung, assistéiert gëtt. De Chefredakter Alfred Bichel muss grouss Stécker op de Pit halen, fir dat wat säin eelste Journalist him sou alles an de Kapp gehäit.

Et ass net schwéier dem Auteur seng Undeitungen ze verstoen, fir am Pit senger Zeitung d'Tageblatt z'erkennen an am Bichel senger Partei d'LSAP. Sou profitéiert den Auteur vu senger Detektivgeschicht, fir iwwer intern Verhältnesser an der Redaktioun an iwwer där hir Haltung zur Partei ze schwätzen, déi natierlech fiktiv sinn. Dat ass besonnesch pikant, well de Roman kuerz virun de Chamberswale spillt an et sou ausgesäit, wéi wann eng nei Koalitioun méiglech wier.

De Justizminister Lex Raach a säi Brudder Loll, allebéid Affekoten, spillen eng virdergrënneg Roll an der Geschicht, wéi och schonn hire Papp den Edgar Raach, deen op den éischte Säite vum Roman begruewe gëtt. Mam Choix vun deene Figuren huet den Auteur sech dann och déi zousätzlech Méiglechkeet ginn, fir sech iwwer politeschen Opportunismus ze bekloen.

Um ënneschten Enn vun der sozialer Leeder sinn e puer portugisesch Immigranten an d'Geschicht mat abezunn, déi an der zweeter Generatioun scho méi héich op der selwechter Leeder geklomme sinn. Hinne gëllt dann och dem Pit Marburg seng Generositéit.

Soss änneren

Porto fir d'Affekoten ass ee Krimi, dee sech an der Kategorie Detektivroman aklasséiere léisst, dat heescht, datt d'Geschicht vun engem Verbrieche vun hannen no vir erzielt gëtt: Fir d'éischt geschitt ee Muerd an da gi lues a lues de Verlaf an d'Motivatioun erzielt. D'Ermëttlung vun engem Gëftmëscher, deen eng Rei vun Affer um Gewëssen huet, ass dann och déi eigentlech Erzielung, an där sech de Journalist Marburg mam Kommissär Biermann eng Course liwwert, fir den Täter ze fannen.

D'Figur vum Journalist Marburg erënnert ganz staark un den hardboiled detective aus dem amerikanesche Roman noir aus der Zäit tëschen den zwéi Weltkricher. Hien ass opriichteg an net bestiechlech a senger Haltung am Géigesätz zur Elite. Dofir huet hien ee Problem mam Whisky. Seng Frëndin, d'Huguette, huet e Café a passt gutt op, datt de Pit net säi beschte Client gëtt. Mä ofgesi vum Uschäin ass de Pit Marburg keen echten hardboiled detective[2] mat Ausnam vun engem wichtegen Element fir déi Bestëmmung, nämlech seng eegen Opfaassung vu Gerechtegkeet.[3],[4]

Iwwersetzung änneren

2007 koum eng Iwwersetzung vum Buch op Portugisesch ënnert dem Titel Um porto para os advogados eraus (iwwersat vum Luis Gonçalves-Bandeira an iwwerschafft vum Forum Portugal-Lëtzebuerg zu Lissabon, Verlag Campo das letras, Porto). Se gouf den 3. Abrëll 2007 an der Portoskellerei Ferreira zu Vila Nova de Gaia, an de 4. Abrëll 2007 am Grémio literario zu Lissabon virgestallt. Et ass bis ewell (2017) deen eenzege Roman, dee vu Lëtzebuergesch op Portugisesch iwwersat gouf.

Literatur änneren

  • Braun, J. (1997). Porto fir d'Affekoten. Roman. Iechternach: Phi. 191 S. ISBN 3-88865-144-1
  • Braun, J. (2006). Porto fir d'Affekoten. Roman. 2. Oplo Eegeverlag 178 S. ISBN 2-9599684-3-3
  • Braun, J. (2012). Porto fir d'Affekoten. Literaresch Welten : Eng Lëtzebuerger Anthologie an Dräi Sproochen, Luxembourg: Impr. centrale, pp. 154–159 (Auszuch).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Virdru gouf et just dräi Geschichte vum Georges Simenon, déi de Pol Tousch 1991 iwwersat hat: Dräi Krimië vum Simenon, op Lëtzebuergesch iwwersat vum Pol Tousch.
  2. Buchloh, Paul G. & Becker, Jens P. (1990). Der Detektiv-Roman. 4. Aufl. Darmstadt: WBG S. 96-107
  3. "Was Gerechtigkeit ist, wird allerdings von ihm selbst bestimmt und ist für ihn nicht durch Gesetze oder Konventionen vorgeschrieben." Kniesche, Thomas (2015). Einführung in den Kriminalroman. Darmstadt: WBG S. 69
  4. "Das selbstgerechte Handeln des Detektivs ist für den Leser umso nachvollziehbarer, je mehr das Verbrechen in einer unauflöslichen Verfilzung mit Politik und Geschäft dargestellt wird." Nusser, Peter (2009). Der Kriminalroman. 4. Aufl. Stuttgart: J.B.Metzler S. 126