Benotzer Diskussioun:Jwh/Archiv

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Jwh in Abschnitt Ventil

--Robby 09:47, 17. Jan. 2009 (UTC)Äntweren

Merci nach eng Kéier fir deng Recherchen zu den Himmler-Fotoen. Ech hunn se bei d'Beschreiwung dobäigesat. Merci och, en passant, fir deng Ergänzungen doruechter an den Artikelen. Esou wiisst d'Wikipedia! --Zinneke 23:07, 8. Feb. 2009 (UTC)Äntweren

Moien,
Äntwert Do.
Les Meloures 20:10, 15. Jun. 2009 (UTC)Äntweren

Bankrott änneren

Moien,

Dier schreift an de Link Faillite vun 1990 un.

Wann ech de Link opmaache gesinn ech nëmmen déi vun 2010. Fonktionnéiert bei menger Maschinn eppes net? Pierrenilles 10:01, 14. Aug. 2010 (UTC)Äntweren

E schéine gudden,
D'Säit misst déi rezent Faillite uweise mat engem Knäppchen "Recherche" wou een dann no Numm, Datum vun der Faillite oder Curateur siche kann.
Eng komplett Lescht no Datum kritt een dann z.B. mat "a" ënner Dénomination.
Oder soll ech besser de link direkt op dës Recherche setzen? --Jwh 11:03, 15. Aug. 2010 (UTC)Äntweren

Uelegmillen änneren

Moien,

Ueleg stëmmt schonn. Leider hu mer den Artikel nach net.

Wat de Liaisouns-S ugeet sou ass et, datt deen nëmme gebraucht gëtt wann e Genitiv augedréckt soll ginn. Am Kloertext heescht dat:

  • Eng Millen déi Ueleg produzéiert ass eng Uelegmillen.
  • Eng Millen déi engem Här Ueleg gehéiert, géif Uelegsmille genannt ginn.

Schéinen Dag nach. Les Meloures 11:02, 5. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Salut,

Wou leeft d'Kesseleksbaach an a wat leeft se? Les Meloures 12:47, 5. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Kesseleksbaach? Ah jo, déi... Ma dat ass, nach ëmmer nom GIS, déi Baach bei der Uelegmillen.
Ech schreiwe mol eppes driwwer an hoffen dass de Numm esou richteg ass... --Jwh 23:04, 5. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Merci fir d'Info Les Meloures 23:13, 5. Sep. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

Äntwert Hei

Moien, Äntwert

Salut,
Dem Noppeney säi Schlass ass dat wat lénks vum Wee steet wann ee vun der Haapstrooss eroffiert. dat rietst am Park vum CIPA ass de Pescatoren hiert gewiescht. Les Meloures 21:44, 18. Nov. 2010 (UTC)Äntweren
Ah, Merci! Ech muss mech wuel eng Kéier aus dem Auto beméien :-) --Jwh 21:48, 18. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Zombie-Land-Linken änneren

Tëschenduerch e Merci, datt s De déi "doudeg" Land-Linken an d'Déifte vum Netz erauskrope gees. An dësem Fall ee Gléck, datt den Internet "näischt vergësst". Wéi d'Land.lu sech en nei Look (a Struktur) ginn hunn, hat ech hinne geschriwwen, se sollten dach déi al Säiten aktiv halen, well hei op der Wiki villes dohinner verlinkt wier. Dat schéngt se beim Ofschalten net weider gestéiert ze hunn. --Zinneke 11:45, 19. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Ganz gäre geschitt! Mir kennt dat méi einfach wéi ee wäisst Blat Pabeier ze fëllen -:)
Kriddeleg URLen versichen ech och gläich ze archivéieren. Bei edit-press geet dat leider net, déi mengen se missten een "no cache" benotzen, iwweregens grad esou wéi den Här Peters a seng Komerode vun der NPD. Wat ka wuel de Grond dofir sinn...? --Jwh 12:00, 19. Nov. 2010 (UTC)Äntweren
Leider ass (net nëmme beim Land, mee ganz allgemeng) uerdentlecht Archivéieren eppes, dat ausser bei deenen, déi mat Quelle schaffen, meeschtens als lescht Priortéit kënnt. Ech war mer eng Kéier d'"Archiver" vun enger Stad am Süde vum Land ukucken. Zënterhier weess ech, wat vun Archivkultur zu Lëtzebuerg z'erwaarden ass... --Zinneke 09:53, 22. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Please, could you translate en:Podolsk into Lëtzebuergesch? Naturally if you have available time! änneren

Good day to you! Could you, please, translate into Lëtzebuergesch the article, containing two-three sentences, about this city in Russia? I’d like to thank you in advance :)--Переход Артур 09:58, 15. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,

Luuss emol vläicht eng Kéier dohinner. Merci am Viraus -- Les Meloures 09:06, 21. Feb. 2011 (UTC)Äntweren

Manuskript änneren

Moien, nee, dat mam Manuskript war schonn an der Rei, ech wollt just den Tounfichier ewech maachen, well deen huet misse geläscht ginn. Do war mer iergenwéis Deng lescht Ännerung beim späicheren net mat duerchkomm. Hunn et nees dohi gesat. --Zinneke 13:17, 18. Mee 2011 (UTC)Äntweren

änneren

Salut,

Fir Logoë gëtt et eng sonner Lizenz. {{Bild-Logo}} --Les Meloures 09:46, 25. Mee 2011 (UTC)Äntweren

Ah, zut! Duecht ech dach och, mä dunn hunn ech mech un dem Zscout370 sengen Ännerunge vun de Murjen orientéiert, deen huet jo zech Logoën op {{Bild-FU}}) geännert...
A Merci fir de Bescheed, hunn d'Lizenz lo geännert. --Jwh 11:00, 25. Mee 2011 (UTC)Äntweren
De Borscht dee reest hei mat senger Opfaassung duerch d'Wiki, mer hu just net genuch Zäit fir deen Artist am A ze behalen. --Les Meloures 11:07, 25. Mee 2011 (UTC)Äntweren
Wat mir eng Léier ass, net nëmmen net den einfache Wee ze goen, mä Frieme scho mol guer net ze trauen ;-) --Jwh 11:15, 25. Mee 2011 (UTC)Äntweren

A-Z : Luxemburger illustrierte Wochenschrift änneren

Fir mech ass d'A-Z eng "oeuvre dirigée" am Sënn vum Artikel 6 vum Droits d'auteur Gesetz. A fir déi seet eis den Artikel 9 3. vun deemselwechte Gesetz, datt se scho 70 Joer no der Publikatioun an den Domaine public falen. Dofir ka menger Meenung no d'Nationalbibliothéik och keng CC Lizenz verginn, well de rengen technesche Procédé vum Scan ass weder kreativ nach per se geschützt. --Otets 15:16, 6. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Salut,

Do war mer e Bobo beim zréckzetzen ënnerlaf. Dommerweis eng vun den Aktiounen déi ech net net op der Säit nokontrolléiert hat. Natierlech soll déi Diskussioun bestoe bleiwen, et ass je kengem Benotzer seng. Gouf redresséiert. -- Les Meloures 10:57, 26. Jun. 2011 (UTC)Äntweren

Moien, ech hunn hei g'äntwert --Les Meloures 12:35, 6. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

NC-Bild änneren

Moien! Du hues d'Bild "RKollwelter.jpg" ënnert eng nc-Lizenz gesat. Kéins de dat vläit op déi fräi cc-by-sa/3.0/lu Lizenz ëmänneren? Wann s de mengs, eventuell mat der Schabloun {{Perséinlechkeetsrechter}}. --Otets 20:33, 16. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

Done! --Jwh 23:55, 16. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
Salut,
Den IMdB beim Bady Minck schéngt net ze funktionnéieren, oder muss en do eppes spezielles maachen, fir drun ze kommen? --Les Meloures 23:05, 26. Aug. 2011 (UTC)Äntweren
Merci --Les Meloures 23:13, 26. Aug. 2011 (UTC)Äntweren

Englesch Foussballspiller änneren

Moien! Merci fir deng Ännerungen op mengen Artikelen. Ech léieren nach Lëtzebuergesch, also maachen ech e puer Feeler, virun allem mat Präpositiounen. Ech hu waarscheinlech e puer éinescht gemaacht, well si ganz anescht wéi Englesch sinn. Nach eemol merci, BigDom 17:33, 18. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Keng Ursaach, ech léieren och all Dag bäi --Jwh 20:26, 18. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Gudde Moien,

Wat ass elo un der neier Kategorie:Grammaire, besser wéi un der aler Kategorie:Grammatik, ausser datt déi elo Grammaire heescht an d'Artikelen all mat Grammatik ze dinn hunn. Gesäit sech droleg un oder fannt Dir net. --Les Meloures 15:04, 30. Nov. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,
Jo ech hunn dat och komesch fonnt...
Eng Kategorie:Grammatik hunn ech awer net fonnt ??
Ech war iwwer d'Kategorie Grammaire gefall am Artikel Méizuel, dee just an däer Kategorie war, ouni datt se existéiert huet. Duerno sinn ech op déi véier "Grammatik" Artikele gestouss - de "Redirect" war jo dunn och net meng beschten Iddi...
Hei gi jo grad wéi bei LOD's déi zwou Expressioune benotzt, vläit dat einfachst d'Kategorie Grammaire an eng besser Welt schecken an d'Kategorie Grammatik op ze maan (et gëtt awer, gesinn ech lo, eng Kategorie:Grammaire vum Lëtzebuergeschen... --Jwh 16:22, 30. Nov. 2011 (UTC)Äntweren
Ech probéieren dat emol op eng Schinn ze kréien. Awer net méi haut. --Les Meloures 17:57, 30. Nov. 2011 (UTC)Äntweren

Monument Émile Mayrisch (Diddeleng) änneren

Moien,

Merci fir d'Foto.-Fliedermaus 08:32, 16. Feb. 2012 (UTC)Äntweren

Ma gär geschitt ;-) --Jwh 08:58, 16. Feb. 2012 (UTC)Äntweren
My pleasure, ech piddelen ebe gäeren, am Ament leider un engem Zant :-( --Jwh 09:12, 23. Feb. 2012 (UTC)Äntweren

Bourbon-Parma änneren

Moien, Di Fro mat dem Titel Bourbon-Parma ass effektiv net kloer. Di englesch Wikipedia ass allerdengs esou detailléiert dass een nëmme ka staunen an dofir gin ech dovun aus dass och déi Informatioun richteg ass. Et ass allerdengs komesch dass ee soss néierens eppes driwer fënnt an dass och an der englescher Wikipedia di Erkenntnis nët konsequent ëmgesat gouf. Jiddefalls fannen ech et besser, wa keng Info iwwer deen Titel dra steet wéi wann een eppes falsches dra stoen huet. --MMFE (Diskussioun) 14:01, 27. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

IPen - Differenze cross-wiki ausgedroen änneren

Jo, datt den Denunziant keen Numm huet war mer och opgefall, dofir hat ech uganks näischt drop ginn, ausser Merci ze soen. Mee wéi ech déi 212er IP dunn eng zweete Kéier in action gesinn hunn, do hunn ech em da gegleeft. War wuel falsch, an dann awer erëm richteg well wann déi zwee politesch Differenzen hunn, da schued et näischt wa se eis dovu verschounen. Also ech géif d'Spär vun der 212er IP oprecht erhalen, well en plus et kee grousst Risko gëtt, datt aner normal User sech an deenen 3 Méint vu grad deer ëffentlecher Bibliothéik an England aus alogge wäerte fir op d'lb-wiki ze kommen. Oder wat mengs du? --Otets 09:49, 16. Mee 2012 (UTC)Äntweren

Moien, deen ass gutt blockéiert. Do geet weder der Wikipedia, nach der Mënschheet Grousses verluer... --Jwh (Diskussioun) 07:12, 17. Mee 2012 (UTC)Äntweren

Europarot änneren

Moien, ech hunn d'Kategorie zu der CEDH/Europarot verbessert; deen huet trotz Europa am Numm näischt mat der EU ze dinn... --Zinneke (Diskussioun) 09:00, 23. Mee 2012 (UTC)Äntweren

Vollkomme richteg. Merci!--Jwh (Diskussioun) 09:01, 23. Mee 2012 (UTC)Äntweren

Foto Jacques Santer änneren

Salut,

Ech hu gesin, du hues d'Foto vum Jacques Santer gewiesselt. Ech hun déi virdrun net gesinn, mee déi do fannen ech net gutt well se riicht vu vier geknipst ass a mat däer schwaarzer Rumm ausgesäit wéi wann e schon dout wier. Aktualitéit ass net ëmmer dat wichtegst Argument. (Nëmme meng Meenung, du kanns d'Foto awer elo si loossen). --MMFE (Diskussioun) 12:34, 3. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Moien, ech hunn déi Foto net wéinst irgend enger Aktualitéit, mee wéinst der Qualitéit ersat.
Fichier:Jacques Santer.jpg ass mat 153Kb en Auschnëtt vun irgendenger banaler Foto aus dem Fundus vun der EVP
File:De Jacques Santer am Juli 2011.JPG ass eng professionnell Foto vum François Besch, firwat se esou opgeholl ass iwwerloossen ech dem Kënschtler. --Jwh (Diskussioun) 14:07, 3. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Luxembourgish aviation änneren

Hi Jwh, I just noticed some edits you made to the Cargo Lion DC-8 photos on Commons that I have uploaded. Thanks for that. Mate, have you seen the note at Benotzer:Russavia in relation to the article translation request/trade. Might you be interested in doing this, in exchange for the upload of Luxembourgish aviation photos to Commons? What do you think? Cheers, Russavia (Diskussioun) 21:11, 12. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Hi Russavia, I doubt to be able to do the translation, but I'll have a deeper look into it... Regarding the Cargo Lion picture I've left you a message here. Take care --Jwh (Diskussioun) 21:50, 12. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Hey mate, thanks for the note re: Cargo Lion. I've emailed the photographer to see what he comes back with. In relation to the translation request, if you can't help with this, could you possibly help me to recruit a Luxembourgish-speaking editor to help with this? I am finding a lot of Luxembourg-related aviation photos which I can upload (with a couple of photographers living there), so there will be a lot from history of Luxair, and also of Findel Airport, which I can upload. Any help with that would be most appreciated. Cheers, Russavia (Diskussioun) 14:48, 13. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
I could see whether I will have some time to translate at least parts of that article (no promise). But that doesn't depend on the pix, because the problem there is that pix without people writing real articles about these planes in Luxembourgish are rather limited in their value for lb-wiki. --Otets 18:00, 13. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Addendum: wait a minute, on en-wiki they deleted the article, as far as I can see (didn't read all) it was because although this internet memes got some real coverage, it was only over a brief period of time in 2010. --Otets 18:08, 13. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Heya Otets, it was deleted on enwp, but that was more Wikipolitics than anything else. It was kept ru:Википедия:К удалению/5 апреля 2012#Polandball on Russian Wikipedia. Coverage existed in 2010 and 2011, as per the sources. I agree that getting people to write about aviation articles on lbwp may be a problem. I am going to try and recruit editors from various communities in the future to try and write about aviation articles on our various projects, but this obviously will take time in telling people what WP is about, and helping them to learn the ropes. We have an aviation project on Commons which I hope to use as the introduction to Wikipedia for these people (given most of them are photographers). Russavia (Diskussioun) 04:35, 14. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
It's done, I wrote the article, but it's not a 1:1 translation, just an adaptation to the size of the wiki and the subject. Vsë ravno, anybody can add more. Does that trigger 50 avia-pics)))) --Otets 09:25, 14. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Sorry Jwh for taking over your talk page. I will continue discussion on Otets' talk page. Russavia (Diskussioun) 14:59, 14. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Please feel free, there's enough space here ;-) --Jwh (Diskussioun) 15:11, 14. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
OK, no problem. So, vse ravno (lol), thanks for doing that Otets. Hopefully other Luxembourgish speakers can jump in do more in future. I'll put a link to my userspace work on the article talk page.
I have uploaded 45 pics so far to Commons relating to Luxembourgish aviation. And I see Jwh has found some of them already -- thanks for doing categorisation on them. I have chosen a selection of modern and vintage Luxembourgish airlines/aircraft, and also some rarities which used to visit Findel Airport back in the day. Interestingly, Icelandair has quite the history at Findel, as any American hippy would be able to attest to. It would be great in the future to get an lbwp article on Icelandair, as there is plenty to write about with a Luxembourgish touch I think.
Also guys, back in 2010 I wrote en:Embassy of Russia in Luxembourg, and I see that Jwh has gotten photos from the gate of the embassy. In the English article, it is noted that the embassy was open for European heritage days in 2009. Does anyone know if this will occur again in the future? The chateau does look quite nice judging from the embassy website. If not, perhaps I could use contacts to see if the embassy would allow a photographer into the grounds to do a photoshoot of the embassy/chateau. Would anyone be interested in that? Russavia (Diskussioun) 15:52, 14. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
I would be more than happy to do photos of the chateau, but since the ambassador changed 2009/2010, I doubt it. --Otets 17:23, 14. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Hey guys, I have emailed the embassy press attache and have explained to them what I want, and whether it's possible, etc, etc. I hope to have an answer from them in the next 2 years....those damned Russians lol. I'll keep you all informed. Russavia (Diskussioun) 13:40, 18. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Giving a free license for this one would do it. --Jwh (Diskussioun) 13:46, 18. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
I don't think that other embassies would respond faster. We'll wait and see. In any case, it would be good to be also allowed to have at least one photo from the inside, after the latest renovation it looks splendid. --Otets 14:49, 18. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Yeaph, and why not some historical pics - thinking on those when back in 1956 some " énergumènes" thought they had to go there and destroy Kaempff-Kohler's dinner service ;-) --Jwh (Diskussioun) 16:00, 18. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Wow! It seems the Embassy and/or Russian Ministry of Foreign Affairs really likes my articles. Compare en:Embassy of Russia in Luxembourg which I wrote to the embassy page linked above. One would think looking at my article, that I have copied their article, but the reverse is actually the case. I will also be asking them to provide necessary credits on their page. And yes, historic pics would be great; knowing that they have used my article gives me something to work with now ;) Russavia (Diskussioun) 09:27, 19. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Hmm, here they say it more direct: In October 1944 - September 1945 Subdivisions of the U.S. military are installed in the castle. It was then that the castle subut more serious damage. Or has your article been censored on en:wiki? --Jwh (Diskussioun) 09:32, 19. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
It seems that they have simply modified their article when they have placed it on their website. I don't have any problem with them doing this, in fact, it's great that they have chosen to do this. Just goes to show that Wikipedia does have an impact. Now just to get the necessary credits for this. Here's another nice photo. Also Jwh, I just saw your question on the enwp article talk page; I don't have the PDF of the last reference; in fact, I can't find it in archive.org or elsewhere on the net now -- it appears editpress.lu is no longer in operation. I should have used webcitation.org back then; if only I was aware of it. Russavia (Diskussioun) 09:44, 19. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Either they modified your article, or you both translated independently the article of the Mouvement Ecologique. Is their page about the castle actually still linked somewhere on their site, I see the castle photo only in relation to the map? --Otets 10:15, 19. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
Den Artikel mat der Foto --Jwh (Diskussioun) 12:01, 19. Jun. 2012 (UTC)Äntweren
They have definitely used my article. One of the sources I used was this, and as you can see from the English Wikipedia article, their Russian version excludes the last paragraph on the renovation. When the article was at DYK on enwp (en:Wikipedia:Recent additions/2010/February#23 February 2010) the DYK hook was in relation to the embassy being the most magnificent in Luxembourg. They have omitted information regarding the ambassador moving to temporary accommodations though. Anyway, it's all good! I'm glad the article is being used by the embassy. Russavia (Diskussioun) 10:29, 19. Jun. 2012 (UTC)Äntweren

Luxembourgish ballooning änneren

Hey guys (Jwh hope you don't mind continuing to use your talk page). I've come across some photos from Luxembourg which are just WOW! WOW! WOW! and I am wondering if any of you guys have any to upload to Commons. The photos are at this link—basically they are from LUXGSM hot-air ballooning competition (http://www.wbt.lu). It seems the 2012 competition was only two weeks ago. So do you guys have photos from this event? Did any of you know it was even happening? ;) Russavia (Diskussioun) 23:30, 26. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

re: Doudege Wénkel änneren

Moien, ma dat wier flott! Häss eng wou een de Jules Werner an/oder d'Brigitte Urhausen och drop gesäit? Déi lafen nämlech deem "Béisen" duerch d'Groussgaass no. Wanns de op Youtube de Filmtitel agëss, fënns de do 2 Making-of-Clippen, dorënner een an der Groussgaass an een op der Plëss. De Film ass iwweregens kuckenswäert (wann en erauskënnt - ech hat en zu Léck gesinn)!--Zinneke (Diskussioun) 13:40, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Salut, den Theves gouf zréckgekroopt. --Les Meloures (Diskussioun) 19:49, 5. Jul. 2012 (UTC)Äntweren
Jo, Merci! --Jwh (Diskussioun) 19:50, 5. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

2 files without a license änneren

Hi! You uploaded File:Finalreportappendices.pdf and File:Rr.jpg without a license. Could you please have a look? --MGA73 (Diskussioun) 21:01, 25. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Good morning! Rr.jpg has the "fair-use" license already, but I'll try to get some kind of OTRS from Raymond Reuter and as soon I have it I gonna transfer the pic to Commons.
However finalreport is another story - do you think "fair-use" will do it? --Jwh (Diskussioun) 07:38, 26. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Kierper änneren

Salut, Ech hunn an engem Kommentar geschriwwen d'Méizuel vu Kierper wier Kierper. Ech stelle leider elo fest datt sech do alt nees eng Kéier eis Dictionnairen net eens sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:47, 10. Aug. 2012 (UTC)Äntweren

Moien, Jo ech hat mech do och op de LOD baséiert, deen och geschter nach gemengt huet et wier Modell Pl.: Modellen, awer haut schonn als Pluriel Modellen an och Modeller ugëtt. Vläit da muer och zwou Versioune fir Kierper an e Méinde kommen d'Krater(en) drunn ;-)
Wënschen nach e friddleche Weekend. --Jwh (Diskussioun) 13:00, 10. Aug. 2012 (UTC)Äntweren

European Heritage Days in Luxembourg änneren

Hi Jwh, I note that Heritage Days is running in Luxembourg this year from 21 September to 14 October. As you know I've been wanting to get someone in Luxembourg past those pesky gates at Chateau Beggen (the Russian Embassy) (as per Commons:User:Russavia/Required photos#Luxembourg. Perhaps they will be opening again this year? I've left Zinneke a message on Commons (Commons:User talk:Zinneke#Photos required from Luxembourg), but perhaps you can spread the word amongst other Luxembourgish editors/photographers that EHD is running in Luxembourg soon (overlapping of course with WLM). And any help to get those Russian photos (if open) would be great. :) Russavia (Diskussioun) 10:33, 11. Sep. 2012 (UTC)Äntweren

D'Russesch Ambassade hat virun e puer Joer eng Porte-ouverte, mee net dëst Joer am Kader vun de Journées du Patrimoine (op d'mannst dem offizielle Programm no).--Zinneke (Diskussioun) 11:16, 11. Sep. 2012 (UTC)Äntweren
Schued(( Wann s de eng Kéier eppes solls héieren, da so mer Bescheed, ech géif da fir d'Wiki dohigoen. --Otets 11:20, 11. Sep. 2012 (UTC)Äntweren
No de peniblen Erfahrungen vu 1956, wou net nëmmen dem Kaempff-Kohler seng Vaisselle zu Broch gaangen ass, wier ech an hirer Plaz och virsëchteg wien ech do géing era loossen...--Jwh (Diskussioun) 11:27, 11. Sep. 2012 (UTC)Äntweren
Di Glungen erkennt ee jo lit un de Gagullen an datt se wi Narkomany um Buedem leien))) --Otets 11:40, 11. Sep. 2012 (UTC)Äntweren

Ventil änneren

Moien

d'Ventil huet déi Eegenaart datt et déi dräi Genuse kann hunn an anscheinend och déi zwou Méizuelen (vgl DFL/LOD).

De Bobo gouf reparéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 08:26, 21. Nov. 2012 (UTC)Äntweren

Merci! Ah jo, déi si sech net eens an de Luxdico hält sech diskret eraus. --Jwh (Diskussioun) 08:38, 21. Nov. 2012 (UTC)Äntweren
Zurück zur Benutzerseite von „Jwh/Archiv“.