Ilaria1996
Moien Ilaria1996,
a merci fir Ären (éischten) Artikel iwwer de Spiderman!
E puer Virschléi:
- Kuckt, wéi en 'noramlen' Artikel opgebaut ass (Aféierungssaz, Kapiteliwwerschrëften, Wiki-Linken op wichteg Lemmata, ernimmt Titelen am Text kursiv, asw.) a baut dat esou ëm.
- "Spiderman", "Spider-Man" oder vläit "Spider Man"? Do sollt ee sech schonns eens sinn...
- Foussnoute fir Quellen uginn.
- Iwwerliest en (haart) andeems der op den "-n" um Schluss vum Wuert oppasst: Gëtt en net ausgeschwat, gëtt en och net geschriwwen (cf. Eifeler Reegel).
Heidrënner Verweiser op nëtzlech Hëllefsäiten.
Op eng gutt Zesummenaarbecht! --Zinneke (Diskussioun) 11:22, 21. Dez. 2018 (UTC)
|
Interwikien
ännerenLoosst w.e.g. déi Interwikilinken aus den Texter. --Les Meloures (Diskussioun) 14:22, 29. Dez. 2018 (UTC)
- War déi Informatioun net däitlech genuch??? --Les Meloures (Diskussioun) 15:03, 29. Dez. 2018 (UTC)
- Är Ännerunge goufen zréckgesat. Soulaang wéi Dir et net fäerdegbréngt fir Informatiounen derbäizesetzen ouni korrekten Text ze zerstéieren, wäert dat ëmmer nees gemaach ginn. Wann dat ze dacks geschitt, da kann äre Konnt gespaart ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:53, 30. Dez. 2018 (UTC)
- Är Ännerunge goufen nach eng Kéier zréckgesat well der schonn nees korrekt Linken ewechgeholl hutt. Et ass Iech anscheinend näischt bäizebréngen. Wann dat lo nach eng Kéier geschitt, da gëtt äre Konnt gespaart. Et géif een net mengen datt ee mat Universitären ze dinn huet. --Les Meloures (Diskussioun) 13:53, 30. Dez. 2018 (UTC)
- vläicht muss ee méi pädagogesch sinn, an explizéieren firwat Saachen geännert ginn. An eng vun den ongeschriwwenen Reegelen ob Wikipedia schéngt mer ze sinn, datt d'Persoun net ugegraff well se al oder jonk, déck oder dënn, Mann oder Fra, universitär oder net universitär ass. Corto lu (Diskussioun) 17:17, 31. Dez. 2018 (UTC)