N E I . M E S S A G Ë . S T I N N . Ë N N E N D R Ë N N E R
Moie Frmei,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Zinneke (Diskussioun) 14:20, 16. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Fotoen eropluden änneren

Moien nach eng Kéier.

Flott, ech gesinn, Dir maach Iech esou lues vertraut mat der Wiki hei. Wéi Der gesitt, esou schwéier ass déi Saach net.

Zu Äre Froen:

  • Sin esou Fotoen, wann selwer geholl, ouni Probleemer eropluedbar an e Projet Kierfecht XYZ hei op WIKIPEDIA lb?.

Fotoen, déi en Artikel illustréieren, sinn natierlech wëllkomm! Wann Dir se selwer gemaach hutt, an et ass näischt drop, wou en aneren d'Rechter drop huet (e modernt Bild z.B. - do huet de Moler d'Rechter), kënnt Der se eroplueden, an zwar op Wikimedia Commons (http://commons.wikimedia.org/wiki/Haaptsäit). Einfach do op "Upload", lénks, klicken, d'Bild op Ärer Maschinn eraussichen, him e verstännegen Numm ginn, uginn, datt Dir Fotograf sidd, a wat drop ze gesinn ass, an als Kategorie "Feulen" (oder wat och ëmmer dozou pass) eraussichen. Ofspäicheren, a schonn ass et op alle Wikipediaen asetzbar. Da kënnt Der am nächste Schrëtt d'Bild (op d'nämlecht Aart a Weis wéi dat, wat der am Luxemdange-Artikel agesat hutt), an ären Artikel (oder soss een, wou et hipasst), integréieren.

  • Geet do eng "normal" Foto duer oder missten daat dann schons "heich-Qualiteits-Fotoen sin ?

Deen eenzegen Usproch un d'Foto ass, datt se eng "uerdentlech" Qualitéit huet (net ënnerbeliicht oder verwackelt, keng ze niddreg Pixelzuel), an dat, wat se soll duerstellen, och däitlech weist. Dann ass mat deenen allermeeschte Fotoapparaten mat Fotoen, déi am Fräie bei Dagesliicht gemaach goufen, bal näischt schif ze maachen.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 18:03, 16. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Nowend OK fir mech aer Aentwerten an also MERCI
just eng Nofro (sorry):

  • get et nach keen esou "Keiffeg Dokumentatioun" op WIKIPEDIA lb ?
  • aal Griewer (de Feelener aalen Kieffeg ass net mei "aktiv" - ausser, wei ech gelies hun dass hien elo zanter kurzem als STREEWISS fir Hammer-Klientell benotzt get - an dei Nimm dei drop sin esou wei d'kenschtlech Wierk vun den Steemetzer an Graveuren betreffend dierften recht "aal sin" - ech wees awer net genau weini de Keiffeg zougemaat gin ass (beim Claseement als Monument national" oder esou ? - : geiwt dir mer do z.B. "greng Luet" kennen gin waat do den droit d'auteur betrefft oder ass daat eben emmer erem eng decisioun vun Fall ze Fall och "op esou engem aalen lieu publique" ?

MbG

Zu 1.: Eng spezifesch Dokumentatioun iwwer Kierfechter ass net do. Et kéint een awer an d'Kategorien "Kierfechter zu Lëtzebuerg" a "Krichsmonumenter zu Lëtzebuerg (Zweete Weltkrich)" kucke goen, fir sech s'inpiréieren.
Zu 2.: Wann de Steemetzer oder Sculpteur zënter 70 Joer dout ass, däerft et kee Problem mam droit d'auteur ginn.
--Fliedermaus (Diskussioun) 18:55, 16. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren



re-merci fir 1. an 2. (wollt mol dei Punken probeiren dofir Aennerung dei sech gekreitzt huet) war elo just do hin kucken ("Kierfechter zu Lëtzebuerg")
ENG schnell decisioun also dierft sin: einfach nemmen eng Transcriptioun Steen fir Steen oder no-eneen (mat eventuell genealogeschen Ergaenzungen) eran setzen do wou en doute kennt bestoen iwer dei 70 Joer (2012 --> 1942 an fir Secherheet mol 1935 als "deadline" huelen) well een Datum z.b. duerno ze fannen ass op dem Steen.
Fir dei ganz aal also dierft eng Foto ouni vill Risk sin.
Kucken also ob ech Zeit fannen fir en Plang vun de Greiwer ze maachen / ze fannen an dann "meng Famill" eventuell prioritaer "eranzestellen".
A+ an MbG
N.B.: D'Nimm dei op den de monuments aux morts pro Duerf ze fannen sin wir och esou e Projet wou, wann der vill geiwen sech bedeelegen, et schnell e "kompletten/kompleteirten" Projet (nemmen Persounen opgezielt durch Virnumm an Numm) kennt gin (baseiert op oeffentlech zougeanglech Donnéen) ... wou dann irgendwelsch "Anylysen" sech drop kennten als Quelle verloossen (speziell wann eng Kontroll als "noliesen/preiwen am Projet virgesin wir) z.B. well Doudesalter, wann net op den Monumenter ze fannen, rechercheiert an an de Projet pro Duerf beigesat geiwen gin. Idem: Jongsell oder net etc.
Je vill Ideen mais net vill Zeit.

Projet: Grafsténg um ale Kierfecht vu Feelen änneren

Moien,

D'Säit Ale Kierfecht vu Feelen gouf opgemaach.

Bescht Gréiss--Fliedermaus (Diskussioun) 18:24, 16. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Och Nowend am dem en direktem virtuellen WIKI ... (muss awer geschwenn Schluss maachen fir de Moment)

MERCI fir dei schnell Reaktioun mat der neier Seit ! Warden mol nach op eng Aentwert op meng Zousatz Fro(en) - een Deel ass jo schons den genauen Datum wou den Kierfeg wuel och dessaktiveiert gouw . MbG

statut oeffentlech desen Benotzer Diskussiouns Modul ? änneren

Nowend an desem BENOTZER diuskussiouns forum - wei ass et do mat droits d'auteur fir Fotoen ? Kann een do fir eppes ze kontrolleiren loosen eppes eran setzten, d.h. ass daat net oeffentlech ?

Merci

N'Owend nach eng Kéier. Wann Der eng Foto hutt, wou Der net sécher sidd, a Froen dozou hutt, luet s'am beschten net op Commons, mee op d'lb: Wiki erop (hei op dëser Säit am Menü lénks "Eroplueden"). Bannt d'Bild dann op dës Säit an a schreift Är Fro derbäi. 'Schlëmmstefalls' giff et no Diskussioun nees geläscht ginn. Wann et de Wikipedia-Critère vu fräie Biller entprécht, kann et natierlech normal weiderbenotzt ginn. --Zinneke (Diskussioun) 00:36, 17. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

OK an Merci Zinneke.

Wier eng gudd Meiglechkeet fir Prouvliesen ze lossen Z.B. op Fotoen vun MONUMENTS AUX MORTS an den Dierfer well fir dei Monumenter WWII op mannst jo 70 Joer nach net richteg erreecht sin) [vum Frmei]

Moien, bei de Monumenter un Evenementer oder Affer an der Zäit vum Zweete Weltkrich ass et esou, datt vill dovunner just aus enger Plack bestinn, mat engem kuerzen, reng informativen Text, oder z.B. engem Block Steen, wou ee kaum e Copyright drop beusproche kann. Et ginn effektiv e puer Grenzfäll (d.h. Monumenter a Form vu Skulpturen), do gouf da probéiert, de Gesamt-site ze weisen, sou datt d'Statu just en "Detail" op der Foto ass (De-minimis-Reegel). Mee loosse mer emol net méi kathoulesch si wéi de Poopst ;-) ... --Zinneke (Diskussioun) 09:12, 19. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

retour de ligne AM EXCEL fir en tableau ze formateiren änneren

Moien,

Ech muss sichen an menger doc

mais fir Iech villeicht einfach:

Zeechen fir de retour de ligne am Exel (als lescht colonne vun enger Linn) breicht ech fir esou tabellen einfach ze erstellen ...

Merci

cf.: 2 Excel rows

! # !! Publication !! Année !! Auteur !! Titre |-

| 15 || Artikel in "De Familljefuerscher" || 1986 || Bache, Martin || Relevé des registres paroissiaux déposés aux greffes des tribunaux d’arrondissement de Diekirc |-