Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Nach eng kleng Informatioun: fir an enger Diskussioun ze gesinn vu weem den Text geschriwwe gouf a wéini dat gemaach gouf, kann een ënner de geschriwwenen Text nach zwee Minuszeechen a véier Tilden aginn, also dat hei: --~~~~
Zu dem Bild Libelle wat vun Iech eropgeluede gouf, feelen déi néideg korrekt Informatiounen iwwer d'Source, den Auteur an/oder d'Lizenz, ënner där d'Bild verëffentlecht gouf. Wann dës Informatiounen net vollstänneg an novollzéibar nogereecht ginn, da muss dëst Bild leider geläscht ginn. Dofir biede mer Iech, dat sou séier wéi méiglech ze maachen. Soulaang déi noutwänneg Informatioune feelen, däerf d'Bild net an Artikele benotzt ginn.
Moien, och nach dozou: Net jiddereen ass Entomolog, mee an enger Enzyklopedie wier et schonn net onwichteg, unzeginn, wat fir eng Libellenaart op enger Foto ze gesinn ass. "Eng Libell" léisst e bësse vill Interpretatiounsspillraum ;-) Kuckt vläit emol op
Moien, oje sorry dofir... Dat war d'Testbild vum Cours haut de Moien fir ze weisen datt de "Label" vum Fichier spézifësch genuch sollt sinn an net ze generell, well scho vill Biller an der Datebank sinn. Dofir war ech net méi präzis wéi "Libelle". Et dierf och gär geläscht ginn, well ech sinn och keen Entomolog :-)
--CoRe1984 (Diskussioun) 11:58, 12. Abr. 2012 (UTC)Äntweren