Moien Aarp65,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Redirecten änneren

Moien haalt wgl. dermat op Viruleedunge vu Familljennim op eenzel Persounen unzeleën. --Les Meloures (Diskussioun) 08:50, 14. Feb. 2023 (UTC)Äntweren

Ditto. E-ch hu se nees geläscht. -Zinneke (Diskussioun) 16:07, 7. Abr. 2023 (UTC)Äntweren

Interwikilinken änneren

Gudde Moien,

Säite vu Familljennimm, oder Virnimm, sollen och wéi aner Artikelen hir Interwikilinke kréien. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 17:23, 17. Mee 2023 (UTC)Äntweren

Verbesserungen änneren

Kuckt Iech wgl. d'Verbesserungen un déi an Ären Artikele gemaach goufen, fir datt net ëmmer déiselwecht Saache mussen nogepléischtert ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:59, 17. Mee 2023 (UTC)Äntweren

Rebelotte änneren

Ass et wierklech zevill verlaangt d'Intewikilinken unzeginn? --Les Meloures (Diskussioun) 09:02, 18. Mee 2023 (UTC)Äntweren

Ich bin bei Wikidata gesperrt. Aarp65 (Diskussioun) 09:07, 18. Mee 2023 (UTC)Äntweren


Und wenn du hier nicht besser aufpasst und die Verbesserungen nicht nachschaust und immer wieder dieselben Feeler machst sowie doppelte und falsche Informationen angibst dann wirst auch bald hier gesperrt sein. --Les Meloures (Diskussioun) 09:17, 18. Mee 2023 (UTC)Äntweren
  De Redirect Lippert deen Dir gemaach hutt gouf geläscht souwéi verschidden anerer scho virdrun. Haalt deemno op dermat sou schlecht Redirecten ze maachen soss laaft Dir Gefor fir gespaart ze ginn. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.

Sënneren änneren

Moien, et wier flott wann der d'Nimm géift direkt alphabetesch zortéieren, da bräicht net ëmmer hannendru gebotz ze ginn.

Ech wier och frou fir gewuer ze ginn wat är Krittäre bei ärer Selektioun vun der Opzielung vun de Persounen sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:14, 30. Mee 2023 (UTC)Äntweren

An dann nach Kéier, zortéiert wgl. är Lëschten, déi aner Mataarbechter sinn net do fir ëmmer hannen drun ze verbesseren.
Kuckt Iech och d'dës Diskussioun un. --Les Meloures (Diskussioun) 04:30, 12. Jun. 2023 (UTC)Äntweren
Wann op dës Bemierkunge keng valabel Erklärung a positiv Reaktioun kënnt da musst dir leider gespaart ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 04:32, 12. Jun. 2023 (UTC)Äntweren

Interwikilinken änneren

Moien Aarp65,

Et ass net verbueden d'Intewikillinke vun den Artikelen ze maachen. Pass wgl. e bëssen do drop op. --Les Meloures (Diskussioun) 06:19, 3. Okt. 2023 (UTC)Äntweren

Beim Uleeë vu sou Homonymiesäite solls de och oppassen op dee Begrëff net och nach aner Homonymieeegeschaften huet. Wann dat an Zukunkt net klappt gëtt den Artikel direkt geläscht. Wann s du et duerno nach ëmmer net bekäppt hues ass nees eng Spär fälleg --Les Meloures (Diskussioun) 06:19, 3. Okt. 2023 (UTC)Äntweren

Firwat bréngs du et net fäerdeg fir d'Interwikilinken anzesetzen ? --Les Meloures (Diskussioun) 09:04, 3. Okt. 2023 (UTC)Äntweren
Moien hal wgl. endlech dermat op fir allgemeng Homonymien als Homonymië fir Nimm unzeleeën. Ech hunn der elo genuch geréckelt. Wann nach eng sou ugeluecht gëtt, da gëtt se einfach geläscht. --Les Meloures (Diskussioun) 14:55, 6. Okt. 2023 (UTC)Äntweren

Resumé änneren

Moien, ass et fir dech ze komplizéiert nëmmen e ganz kuerze Saz an de Resumé ze setzen, wann s de en neien Artikel ulees? --Puscas (Diskussioun) 09:09, 7. Okt. 2023 (UTC)Äntweren

Dann nach eng Kéier verstees de näischt? Wann hei drop keng Reaktioun kënnt da gëss de gespaart? --Les Meloures (Diskussioun) 14:54, 7. Okt. 2023 (UTC)Äntweren