Diskussioun:Pierre

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Méint von Zinneke in Abschnitt Sënn an Onsënn vun esou Artikelen

Sënn an Onsënn vun esou Artikelen änneren

Et ginn Dausende Leit mam Virnumm Pierre. Ech probéieren nach ëmmer, Sënn an Zweck vun esou engem Artikel ze verstoen, wann net emol dra steet, wou den Numm hier kënnt, wat e bedeit, wéini en zu Lëtzebuerg opkomm ass, wéi heefeg en ass (wann dat iergendwous ze fannen ass), kuerz: Et feelt Relevantes zum Theema.

An dann eng Auswiel vun enger halwer Dosen Nimm, wou net kloer ass firwat déi an net anerer, gëtt ëm sou méi en hallefgebakenen Adorock.

Ech hunn d'Gefill, do weess Een net, wat mat senger Zäit unzefänken, an da ginn alt e puer Nimm zesummegepecht. An dat geet dann de Pir en Pir...

--Zinneke (Diskussioun) 15:43, 30. Mee 2023 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Pierre".