195.46.241.231
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
|
Gudde moien,
D'Redirecte sinn net do fir eidelgemaach ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:09, 10. Abr. 2012 (UTC)
- Remoien
- An den Artikelen op der Wikipedia sinn d'Frae keng Hatten. Mir hu jo d'Kéi net mat hir gehutt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:12, 10. Abr. 2012 (UTC)
- Ass dat ze schwéier fir ze verstoen datt Fraen op der Wikipedia net mat Hatt ugeriet ginn?? --Les Meloures (Diskussioun) 08:32, 10. Abr. 2012 (UTC)
ACC
ännerenDäitschland huet dräi ACC (München, Bremen a Langen)
Ass Düsseldorf kee méi??? --Les Meloures (Diskussioun) 08:27, 8. Sep. 2015 (UTC)
- Nee, zu Düsseldorf ass keen ACC. Op do jeemols ee waar, entzitt sech och menger Kenntniss.
- Op dëser Lëscht http://www.spitz-online.de/funk.htmass ass Düsseldorf als ACC uginn mat der Frequenz 118,750.
- An dësem Dokument http://www.eurocontrol.int/sites/default/files/library/022_Duesseldorf_ACC_Sector_Capacity_Assessment.pdf schwätzt Eurocontrol och vum Düssledorf ACC --Les Meloures (Diskussioun) 09:53, 8. Sep. 2015 (UTC)
- Villmols Merci, ech ginn der Saach no! Ech géif soen, dass et sech bei Düsseldorf an iwwregens och Berlin ëm sougenannt AD (Aerodrome) Area Control Centeren handelt, an net ëm EN (Enroute) ACCen.
- An dësem Dokument http://www.eurocontrol.int/sites/default/files/library/022_Duesseldorf_ACC_Sector_Capacity_Assessment.pdf schwätzt Eurocontrol och vum Düssledorf ACC --Les Meloures (Diskussioun) 09:53, 8. Sep. 2015 (UTC)
- Ech hu per E-Mail bei der DFS nogefroot a kruut d'Informatioun dass Düsseldorf, Berlin a Frankfurt scho laang dicht gemaach goufen.
- Merci fir d'Info. --Les Meloures (Diskussioun) 13:00, 9. Sep. 2015 (UTC)
- Ech hu per E-Mail bei der DFS nogefroot a kruut d'Informatioun dass Düsseldorf, Berlin a Frankfurt scho laang dicht gemaach goufen.
Message
ännerenEch hunn Iech hei Diskussioun:Franséisch Revolutioun e Message geschriwwen. --Soued031 (Diskussioun) 19:45, 8. Abr. 2018 (UTC)
An der Rumm uewe rechts steet, bei "19. Joerhonnert", "Herzogtum" amplaz "Groussherzogtum".)
ännerenEinfach op de Knäppchen Änneren drécken. Dann am Text änneren an duerneo op de Knäppchen Ännerunge publizéieren drécken.
Re: Nidderlanden
ännerenMoien,
Äntwert hei. Mellt Iech mat engem Userkonto "Chris" un, da kann een Iech op är Usersäit direkt kontaktéieren, an d'gesäit ee besser, wee wat wou schreift. (Äre 'richtegen' Numm braucht der néierens unzeginn).
--Zinneke (Diskussioun) 14:57, 6. Jun. 2018 (UTC)
Moien, Kanns de dir vläicht de lästegen ë ofgewinnen. Oder fënns d'et lëscht wann all Kéier ee muss hannendru botze kommen. Sou Widderhuelunge kënne gären als Expressegkeeten ugesi ginn. --Pierrenilles (Diskussioun) 14:33, 8. Jun. 2018 (UTC)
Stavelot
ännerenAm Artikel stoung:
- déi meeschtens sechseckeg, a ronn annerhallwe Meter héich sinn, an an déi op der belscher Säit e B an op der deemools preisescher Säit e P gemeesselt ass,
Dat gouf du verbessert mat:
- déi meeschtens sechseckeg (ënnen) a ronn (uewen) annerhallwe Meter héich sinn, an an déi op der belscher Säit e B an op der deemools preisescher Säit e P stinn
Fro: wat soll de sechsekeg (ënnen) an de ronn (uewen) aussoen ?
Dëse Niewesaz an an déi op der belscher Säit e B an op der deemools preisescher Säit e P stinn dee virdru korrekt do stoung ass lo komplett falsch. Wat war um gemeesselt falsch datt dat huet missen erausgeholl ginn. --Pierrenilles (Diskussioun) 15:10, 8. Jun. 2018 (UTC)
- Stells de dech elo dout weel s de keng Äntwert wees. --81.246.178.134 10:07, 10. Jun. 2018 (UTC)
Bar
ännerenHaalt w.e.g. dermat op falsch Linken an d'Artikelen ze setzen. Dir hutt dat schonn e puermol gemaach. Déi nächste Kéier wou dat geschitt gëtt äre Kont gespaart. --Les Meloures (Diskussioun) 15:46, 15. Sep. 2018 (UTC)
Ech weess net, wou ech soll ee << falsche >> Link agebaut hunn. A Vandalismus ass nach ni meng Absicht gewiescht! Berouegt iech. - C.
- Et ass ganz schlëmm wann een net méi wees wat een de selwechten Dag gemaach huet. Soss wësst der awer ganz gutt wéi ee Versiounshistoriken nokuckt. An dir braucht mir net sou frech ze soen ech soll mech berouegen. Dat wat ech Iech hei schreiwen huet näischt mat Opregung ze dinn. Et si just Tatsaachen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:40, 15. Sep. 2018 (UTC)
Kategorien
ännerenD'Artikelen Totalitarismus a Calvinismus déi s du ugeluecht hues hunn nach keng Kategorien. Wéi s de vläicht gemierkt hues (ech hoffe mol) schaffen hei vill Leit um Ëmgeréits fir datt alles an den Artikelen a am Zesummenhank dermat korrekt funktionnéiert. Dofir ass et erwënscht dat d'Auteure vun den Artikelen minmal Efforte maachen, sou wéi déi néideg Kategorien oder eventuell aner Bausteng wéi d'Infoboxen an den Artikel setzen dee si uleeën. Bis elo hues du och nach ni en Interwikilink gesat, dat hunn och ëmmer aner Leit musse maachen. Dat nëmme just am Sënn vun enger gudder Zesummenaarbecht. --91.176.26.136 16:11, 17. Sep. 2018 (UTC)
Gebrauch vu Schablounen
änneren[SOURCE?]. weist op näischt hin. Dofir soll d'Schabloun {{Source?}} gebraucht. De Gebrauch vu sou Schablounen huet scho seng Ursaachen a soll deemno agehale ginn, grad sou wéi all déi aner Formatéierungen déi op der lb:Wiki am Gebrauch sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 22. Nov. 2020 (UTC)
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.
Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.